Fir déi Enquête goufen am Optrag vun der "Europäescher Cockpit Associatioun" d'Äntwerte vu 6893 Piloten ausgewäert, ronn 200 dovu schaffe fir eng Lëtzebuerger Airline. D'Donnéeë goufe virun der Summerperiod gesammelt an am Juli ausgewäert.
Mikro-Schlof an net genuch Zäit fir sech ze erhuelen
An der Moyenne huet d'Hallschent vun deene Piloten an de leschte véier Wochen ee bis véier Mol ee Mikro-Schlof am Cockpit erlieft. Just ee Fënneftel ginn un, dat wier hinnen ni geschitt.
Déi grouss Majoritéit sot iwwerdeems, si hätten net genuch Zäit, fir sech tëscht Fluchperioden ze erhuelen. Op d'Fro: Wéi dacks hat dir net genuch Zäit fir iech tëscht Äre Schichten ze erhuelen? Ginn ëmmerhin 28 Prozent un, dat wier üblecherweis de Fall.
Rapporten iwwer Middegkeeten sinn net effikass
Fir de Risiko vu Middegkeet méiglechst kléng ze halen, muss all Airline reegelméisseg Rapporten iwwer d'Middegkeet bei de Pilote froen. Ëmmerhin 82 Prozent vun hinne ginn un, si wéisste wéi se esou ee Rapport maache mussen.
Allerdéngs soen dogéint just zéng Prozent, datt déi Indikatiounen, déi si do gemaach hunn, och Konsequenzen haten. Lëtzebuerg läit hei mat 15 Prozent iwwer där Moyenne.
Méi laang Vol-Zäite wéi maximal erlaabt
D'Europäesch Agence fir Fluch-Sécherheet hat virum Summer virun engem méi grousse Risiko vu Middegkeet vum Fluch-Personal an der héijer Saison gewarnt an un d'Airlines appelléiert, si sollten net systematesch dovu Gebrauch maachen, datt Piloten hirem eegenen Ermiessen no hir maximal Vol-Zäite verlängeren.
Allerdéngs weist dëse Rapport op de Contraire hin. Am meeschte goufen d'Piloten op Malta an an Irland gefrot, méi laang wéi geplangt ze fléien. Lëtzebuerg gehéiert nieft Italien zu deene Länner wou d'Déngschtpläng als am onstabilste beschriwwe ginn. Och dat wier eng Source fir Middegkeet, betount d'Piloten-Associatioun.
President vun der ECA: "Alarmant Signaler"
Alles an allem schwätzt de President vun der europäescher Cockpit Associatioun (ECA) vun alarmante Signaler a kloren Indicateuren, datt d'Sécherheets-Risiken, a villen europäesche Fluchgesellschaften, net gutt geréiert ginn. Besonnesch, well d'Resultater sech op d'Period virun der Haapt-Vakanzen-Zäit am Summer bezéien. Et wier dovun auszegoen, datt de Niveau vu Middegkeet am August nach eropgoungen, sou den Otjan de Bruijn an engem Presse-Communiqué.