Eenzelhandel "Deloyal Konkurrenz"

Vill Produite sinn hei am Land méi deier, well d'Supermarchéë se iwwer ee Grossist am Ausland musse kafen. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet dat bei der Benelux-Konferenz iwwer den Eenzelhandel kritiséiert.

Françoise Keller / po

Etienne Schneider
Etienne Schneider (Archiv-Foto)

Eng Rëtsch Distributeuren zu Lëtzebuerg musse Produiten iwwer Grossisten aus dem Ausland, zum Beispill der Belsch, akafen. Duerch dësen Intermediaire sinn d’Verkafspräisser vun auslännesche Produiten an de Supermarchéen hei am Land dacks méi héich wéi an den Nopeschlänner. Dat wier eng "deloyal Konkurrenz", sou de Wirtschaftsminister Etienne Schneider am Virfeld vun der Benelux-Konferenz iwwer den Eenzelhandel zu Bréissel.

"Grouss Marquen, déi hu Verträg mat Grossisten. An déi Grossistë hätten nieft dem belsche Marché och de Lëtzebuerger Marché mat dobäi, sou dass der als Supermarché zu Lëtzebuerg net derlaanscht kommt. An dat ass eng 'concurrence déloyale', déi a mengen Aen esou net geet. Dat schued eise Clienten, dat schued de Konsumenten an dat schued och der Lëtzebuerger Economie, well awer vill Leit iwwer d'Grenz eraus an d'Supermarchéen akafe ginn. A fir eng ganz Rei Produiten ass et eng richteg Differenz am Präis."

Etienne Schneider

D'Rechter vum EU-Bannemarché

Am europäesche Bannemaart kann all Entreprise Geschäfter mat auslännesche Firme maachen. Well Lëtzebuerger Supermarchéen auslännesch Wueren awer zum Beispill iwwer Grossisten an der Belsch oder an Holland, mussen akafe, wier dëst Recht hei am Land net garantéiert. Dat sot den Administrateur-Directeur vun der Supermarchés-Chaîne Cactus a Vize-President vun der Lëtzebuerger Handelskonfederatioun CLC, Laurent Schonckert, an der Emissioun Riicht Eraus.

Hien huet d’Beispill vun der Mineralwaasser Marke Vittel genannt. Well dës Produiten iwwer eng Filiale vu Vittel zu Breissel missten akaf ginn, wier den Akafspräis méi héich, huet de Laurent Schonckert kritiséiert. Dat hätt een Effekt op de Konsument, "well wa mir net sou bëlleg kënnen akafe wéi anerer, huet dat och eng Inzidenz op de Verkaafspräis".

Enquête vun der CLC

Déi Lëtzebuerger Handelskonfederatioun (CLC) huet am Hierscht zejoert all déi betraffen Entreprisen zu Lëtzebuerg ugeschriwwe, fir Donnéeën zum Thema ze sammelen. Den Etienne Schneider hofft, datt d’Resultater vun dëser Enquête nach dëst Joer der Europäescher Kommissioun kënne presentéiert ginn.

D’Vertrieder aus Politik an Ekonomie aus dem Benelux-Raum diskutéieren donieft iwwer d’Erausfuerderungen an d’Objektiver vum Eenzelhandel an der Wirtschaftsunioun.

Méi zum Thema

Laurent Schonckert
RIICHT ERAUS

Bei der Konkurrenz am Supermarchés-Beräich hei am Land kéint de Bou schwéier iwwerspaant ginn, fäert de Laurent Schonckert. Hie rechent mat negative Konsequenzen.

Deliver One Konferenz
Logistik

Den Online-Handel an d'E-Logistik boomen. Wat sinn d'Entwécklungen a wéi positionnéiert Lëtzebuerg sech an deem Beräich? Dat ware Sujeten op der Logistik-Konferenz "Deliver One".

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen