Radioen

On air

Espresso Beats  |  Suki Waterhouse - My Fun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ethikrot: Regierung sollt Asaz vun Tracking-App wéinstens consideréieren

Tracking

Ethikrot: Regierung sollt Asaz vun Tracking-App wéinstens consideréieren

D'Regierung sollt den Asaz vun enger sougenannter Tracking-App géint d'Verbreedung vum Coronavirus op d'mannst consideréieren. Zu där Conclusioun kënnt déi national Ethikkommissioun an engem Avis, deen e Méindeg publizéiert gouf. Tracking-Appe sollen et erlaben, Leit ze informéieren, wa si rezent an der Géigend vun enger Persoun waren, déi positiv op de Coronavirus getest gouf. Der Ethik-Kommissioun no misst esou eng Tracking-App awer enger ganzer Rëtsch Krittären entspriechen.

auto_stories

2 min

D'Confinements-Mesuren, och wa se elo deels nees opgelockert ginn, hätten en negativen Impakt op déi mental Gesondheet, elementar Fräiheeten a Rechter géifen ageschränkt ginn, an d'Ekonomie géif leiden, mat alle Konsequenzen. En informateschen Tracking kéint hëllefen d'Krankheet anzedämmen an et doduerch méiglech maachen, Confinements-Mesuren opzehiewen. Esou argumentéiert a graffen Zich d'Ethikkommissioun, déi sech an dësem Fall selwer saiséiert huet. Hiren Avis wier net als kloer Recommandatioun fir eng Tracking-App ze verstoen. Mee et wier net akzeptabel, wann d'Politik dës Méiglechkeet am Viraus scho géif ausschléissen, sief et aus "politescher Commoditéit" oder engem eesäitege Fokus op den Dateschutz.

D'Ethik-Kommissioun leet dann awer och direkt eng Rei Krittäre fest, deenen en eventuellen informateschen Tracking entsprieche muss. Esou kéint kee Mënsch gezwonge ginn, eng entspriechend App ze benotzen. D'Anonymitéit misst och garantéiert sinn, an de Fonctionnement vun enger entspriechender App misst transparent sinn. Dëst géif och d'Publikatioun vum Quellcode beinhalten. Donieft misst d'Zil an d'Dauer vun der App kloer definéiert ginn. Dës misst och esou programméiert sinn, datt se nom Oflafe vun där Dauer, automatesch desaktivéiert gëtt.

Um Schluss wéist d'Ethik-Kommissioun drop hin, datt all d'Nopeschlänner vu Lëtzebuerg un esou enger Tracking-App schaffen, woubäi net all Land dee selwechte System wielt. Op eng europäesch Léisung ze waarde wier net realistesch a sollt Lëtzebuerg net dovun ofhalen, eegen Optiounen ze préiwen.