Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Etat de la Nation: Wéi eng Akzenter virun de Chamberwale vun 2023?

Virschau

Etat de la Nation: Wéi eng Akzenter virun de Chamberwale vun 2023?

An der Ried zur Lag vun der Natioun verréit de Premier Xavier Bettel de Mëtteg, wat d'Regierung nach virun de Chamberwale vun 2023 ëmsetze wëll. De Jean-Claude Franck kuckt zesumme mam Simon Larosche op méiglech Theemen.

auto_stories

3 min

De Premier Xavier Bettel hält de Mëtteg déi drëtt Ried zur Lag vun der Natioun an dëser Legislaturperiod. D'Geleeënheet fir déi blo-rout-gréng Regierungskoalitioun fir hir Prioritéite bis zu de Chamberwale vun 2023 z'erklären. Wat sinn d'Erausfuerderungen, a mat wat ass ze rechnen? Doriwwer ënnerhale mer eis elo mam Jean-Claude Franck. Jean-Claude, virun engem Joer stoungen d'Coronapandemie an hir Konsequenzen am Mëttelpunkt. Wäert dat dëst Joer nees esou sinn?

Wuel kaum: Dësen Hierscht mierkt een, an der Politik ginn et och nees aner Themen, d'Pandemie ass sécher nach net eriwwer, mee d'Impfung huet d'Situatioun verännert. Et gi vill manner Patiente mat schwieregem Krankheetsverlaf, ergo gëtt et manner Drock op d'Gesondheetswiesen an also och op d'Politik. Virun engem Joer: Xavier Bettel nach gehofft datt déi éischt Impfunge kéinten am Dezember gemaach ginn. Haut wësse mer: 64,5 Prozent vun der ganzer Populatioun si komplett geimpft. De Covid-Check soll op méi Plazen obligatoresch ginn, fir datt nach méi Leit sech impfe loossen, mee ebe keng sou dominant Problematik méi wéi virun engem Joer.

Wat sinn dann déi aner Themen, zu deenen d'Regierung dësen Hierscht och nach Äntwerte schëlleg ass... Logement a Klimaschutz jo bestëmmt mol?

Am Fong ass scho virun der Coronapandemie gesot ginn datt dës Regierung grad an deene Froe gefuerdert wier. Duerch Corona: liicht aus dem Bléckwénkel verluer gaangen, mee elo nees voll do. Logementspräisser klammen zënter e puer Joer konstant am zweestellege Prozentberäich, dat ass enorm. Leit déi en Immobiliëprêt musse maachen oder Leit déi Loyer bezuele behalen ëmmer manner Sue Rescht, wärend Leit mat vill Sue mat Immobilie ganz gutt Geld kënne maachen - déi berüümt Schéier tëscht Aarm a Räich riskéiert doduerch weider auserneen ze goen... An am Klimawandel sinn d'Erausfuerderunge bekannt, d'Äntwerte wéi Lëtzebuerg seng Ziler am Klimaschutz bis 2030 an 2050 wëllt erreeche sinn awer zënter Joren nach vague respektiv net komplett.

An d'Sozialpolitik? Wann s du sees, datt d'Schéier tëscht Aarm a Räich riskéiert weider auserneen ze goen?

Jo, grad bei den Theme Logement a Klimawandel geet zënter Jore rieds iwwer Kompensatioune fir Leit mat méi schwaachem Revenu. D'Entente des Offices Sociaux huet rezent hei um Radio fir e Cheque plädéiert mat deem een de Leit kéint séier an onbürokratesch hëllefen, déi ënnert den héijen Energiepräisser leiden. Et ass iwwert eng Hausse vun der Allocation de Vie chère Rieds gaangen. An da gëtt et d'Diskussioun iwwer d'Kannergeld.

Dat soll jo deemnächst nees indexéiert ginn?

Jo, dat stoung schonn am Koalitiounsaccord virun dräi Joer, a soll op den 1. Januar kommen. D'Kannergeld läit zënter 2016 onverännert bei 265 Euro pro Kand, elo soll et nees un den Indexsystem gekoppelt ginn. Verschidde Majoritéitsvertrieder hu schonn ze verstoe ginn, datt se gär hätten, datt d'Indextranche vun dësem Oktober mat agerechent gëtt. Fir de Rescht, argumentéiert d'Regierung ëmmer, datt si och a Sachleeschtungen investéiert huet, gratis Schoulbicher, gratis Stonnen an de Crèchen, a sou bleift ofzewaarden wat de Mëtteg dann a punkto Kannergeld annoncéiert gëtt.

An d'Cannabis-Legaliséierung, déi virun dräi Joer nach als progressiv Reform versprach gouf?

Déi wäert an deem Ausmooss net kommen, dat hu mir hei um Radio jo gemellt virun zwou Wochen - wat och an den eegene Reien an der Koalitioun net iwwerall bekannt war, an deelweis och do hefteg kritiséiert gouf. Et war jo e staaltleche Verkafsystem geplangt, deen da legal gewiescht wier, elo soll de Verkaf weiderhin illegal bleiwen. Dee Revirement ass eisen Informatiounen no dëse Summer an der Spëtzt vun der Koalitioun decidéiert ginn. Bleift ofzewaarden, ob de Premier de Mëtteg eppes dozou seet.

D'Ried zur Lag vun der Natioun ass de Mëtteg um 14:30 Auer an der Chamber.

Op 100komma7.lu an an eiser App kënnt Dir d'Ried de Mëtteg suivéieren, ënnert anerem och an eisem Liveticker.