arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Etat de crise hannerléisst Spueren am Rechtssystem

Auswierkunge vum Ausnamezousta

|
reading time

3 min

Den Etat de crise hannerléisst Spueren am Rechtssystem

De Professor Stefan Braum warnt virun de laangfristege Konsequenzen, déi den Etat de crise an déi Mesuren, déi op Basis dovu geholl goufen, huet. Hie plädéiert dofir e Rechtskader ze schafen, deen den Ëmgang mat infektiéise Krankheete wéi deem neie Coronavirus reegelt. An hie fuerdert, datt och d'Sortie aus de Krisemesurë rechtlech begleet gëtt, wou sech beispillsweis beim Dateschutz eng ganz Partie Froe stellen.

reading time

3 min

"Kein Land der Welt ist momentan auf diese Form der Pandemie vorbereitet gewesen. Weder medizinisch, noch psychologisch und auch nicht juristisch. Und angesichts der bestehenden Regelungslücke war der Griff jetzt zur Verfassung, zu Artikel 32, Absatz vier, um daraus ein Reglement grand-ducal zu machen, fast schon folgerichtig."

Dat seet de Stefan Braum an hie stellt fest, datt et guer keng aner Méiglechkeet gouf, fir d'Commercen an d'Handwierksbetriber séier zouzemaachen an Ausgangsbeschränkunge fir d'Populatioun anzeféieren, fir géint d'Verbreedung vum Virus virzegoen.

Den Droit-Professer op der Uni Lëtzebuerg ass der Meenung, datt déi Mesuren, déi geholl goufen, gerechtfertegt a proportional waren. An och d'Konditioune vun der Bedroung fir d'Bevëlkerung, fir den Etat de crise auszeruffen, erfëllt. Mee duerch den Etat de crise géif d'Balance tëschent de Pouvoiren an der Demokratie réckelen, an zwar vum Parlament bei d'Exekutiv, also d'Regierung. Doru sollt ee sech besser net gewinnen.

Wéi soll ee reagéieren, wann d'Moossnamen net wierken?

Senger Meenung no géif ee mam Notze vum Etat de crise de Risiko agoen, fir an Zukunft eventuell méi dacks op dëse Moyen zeréckzegräifen. Dofir géif et gëllen, déi nächst Deeg a Woche reegelméisseg ze préiwen, ob d'Moossname fir d'Epidemie anzedämmen ëmmer nach gerechtfertegt wieren. Dofir géif et verschidden Zenarien, seet de Stefan Braum. Déi aktuell Mossname géife wierken, esou den Expert. Et misst een elo ofwaarden a viru versiche fir de Gesondheetssystem operationell ze behalen. De Lëtzebuerger Gesondheetssystem wier am Moment och gutt opgestallt. Et misst ee sech an engem Worst Case Zenario awer och d'Fro stellen, wann een no e puer Méint géif feststellen, datt d'Moossnamen, déi geholl goufen, net duer ginn.

Dee Moment géifen d'Mesuren, also d'Aschränkung vun de Fräiheetsrechter, hir Legitiméierung verléieren, géif beispillsweis den däitschen Ethikrot soen. Da misst d'Gesellschaft doriwwer diskutéieren, wat sech doraus ergëtt. Wat awer, wann et d'Hoffnung gëtt, datt d'Situatioun duerch méi Aschränkunge verbessert géif? Dee Moment misst een d'Mesuren esou veränneren, datt d'Fräiheetsrechter an d'Recht op kierperlech Integritéit garantéiert wieren.

D'Exitstrategie muss rechtlech encadréiert ginn

Och d'Exitstrategie, respektiv déi technesch a wëssentlech Moyenen, déi dobäi kënnen hëllefen, seet de Stefan Braum, misste rechtlech encadréiert sinn, well fir d'Feststellung vun den Infektiounen, der Immunitéit - wann déi Tester kommen -, dem Retracement vun den Infektiounsketten duerch Genanalys, oder Handysdonneeë fir Kontakter ze kontrolléieren, géifen immens vill Donnéeë gesammelt ginn, sou wéi dat beispillsweis a Südkorea gemaach gouf.

"So wie sie das gemacht haben, ist das für unseren Rechtsrahmen, das muss man klar sagen, erst einmal nicht akzeptabel. Das steht leider weit entfernt von jeglichen Vorgaben nationalen und europäischen Datenschutzes. Das ist das eine. Das andere ist in der Tat das Problem, dass hier das Strafrecht in diesem Zusammenhang ja auch als Instrument einer vershärften Sozialkontrolle genutzt wird, nämlich in einer Weise, die es ausreichen lässt, dass sein Verstoss gegen Ausgangssperren, gegen Kontaktsperren nachhaltig mit Strafe bedroht wird und das zumal noch in einen allumfassenden Kontrollzusammenhang gestellt wird."

De Stefan Braum plädéiert dowéinst dofir iwwer den normale Wee e Gesetz iwwer den Ëmgang mat infektiéise Krankheeten ze stëmmen, an deem Mesurë festgeluecht géife ginn. Dee Moment vum Parlament an zwar no enger Debatt. "Insofern sind die Massnahmen in einem allgemeinen Gesetz sicherlich von vornherein ausgewogener, begrenzter und justziziell überprüfbar."

An esou engem Gesetz kéint een net just de Verlaf vun Ausgangsspäre reegelen, mengt de Stefan Braum. Mee och Dateschutzproblemer, wéi den Tracking vun Handydaten. An doriwwer eraus misst ee festhalen, datt de Gesondheetssystem personell a materiell esou muss equipéiert sinn, datt en eng Kris ka stämmen.