Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Libertines - Night Of The Hunter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Etat de crise ausgeruff

Coronavirus

Etat de crise ausgeruff

De Premierminister Xavier Bettel huet den Etat de crise fir bis zu dräi Méint ausgeruff. Doduerch huet d'Regierung méi legislative Pouvoir. D'Parlament kéint dat zu all Moment ënnerbriechen.

auto_stories

6 min

Déi ganz Deklaratioun vum Xavier Bettel a vun der Paulette Lenert lauschterenplay_arrow


A senger Deklaratioun an der Chamber huet de Xavier Bettel den Artikel 32 (4) invoquéiert. Zanter 2017 ass deen esou an der Verfassung gereegelt:

(4) En cas de crise internationale, de menaces réelles pour les intérêts vitaux de tout ou partie de la population ou de péril imminent résultant d'atteintes graves à la sécurité publique, le Grand-Duc, après avoir constaté l'urgence résultant de l'impossibilité de la Chambre des Députés de légiférer dans les délais appropriés, peut prendre en toutes matières des mesures réglementaires.

Ces mesures peuvent déroger à des lois existantes. Elles doivent être nécessaires, adéquates et proportionnées au but poursuivi et être conformes à la Constitution et aux traités internationaux.

La prorogation de l'état de crise au-delà de dix jours ne peut être décidée que par une ou plusieurs lois votées dans les conditions de l'article 114, alinéa 2 de la Constitution, qui en fixe la durée sans que la prorogation ne puisse dépasser une durée maximale de trois mois.

Tous les règlements pris en vertu de la présente disposition cessent leurs effets au plus tard à la fin de l'état de crise.

La Chambre des Députés ne peut être dissoute pendant l'état de crise.

D'Parlament kéint deen Etat de crise, dee bis zu dräi Méint kann daueren, permanent ënnerbriechen a kontrolléieren, esou de Premierminister. "Jo, mir sinn an enger Kris."

D'Leit sollen doheem bleiwen

De Staatsminister huet drun erënnert, datt d'Situatioun aussergewéinlech wier. Bei 140 Persoune wier de Virus antëschent nogewise ginn. "Ech wëll eppes ganz däitlech soen: Bleift doheem!", esou de Premier.

Et dierf een och an d'Natur. Mee et soll een eleng an d'Natur goen, esou de Xavier Bettel. Et soll ee sech net do zu méi treffen.

"Ech weess, datt ee Loscht huet an dësem Wieder e Barbecue mat Kolleegen ze maachen", seet de Premier. Mee fir d'Verbreede vum Virus ze limitéieren, dierft dat net sinn.

Chantiere ginn zougemaach

D'Regierung huet eng nei Mesure entscheet: d'Chantiere mussen zougemaach ginn. Spéitstens bis de Freideg den Owend misst dat geschitt sinn. Handwierksbetriber dierfen awer nach Depannage maachen.

Impakt op d'Wirtschaft ass grouss

De wirtschaftlechen Impakt vun dëser Kris wäert grouss sinn, esou de Premier, mee de Schutz vu Mënscheliewe wier méi wichteg. D'Regierung géif alles maache fir den Impakt kleng ze halen. D'Banke wiere gutt kapitaliséiert, d'Staatsfinanze wiere gutt.

Foto: Chambre des Députés

Firmen an Independante kréien zousätzlech Delaie fir sozial Cotisatiounen a Steieren ze bezuelen. Avancë vum éischten an zweeten Trimester brauchen op Demande elo net bezuelt ze ginn. Den Delai fir d'Steiererklärung anzereeche gëtt op den 30. Juni geréckelt. De Finanzminister Pierre Gramegna géif nach am Detail dorop zeréckkommen.

De Xavier Bettel seet e "grousse Merci" der Ekipp vun der Gesondheetsministerin, den Acteuren aus dem Spidolswiesen, all de Fräiwëllegen, déi wëllen hëllefen, all deenen, déi weider schaffe fir d'Gesellschaft um Lafen ze halen. Dee solidareschen Elan géif gutt doen.

Sechs Leit hospitaliséiert

D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert seet, et géif een déi Mesuren huelen, "well d'Situatioun grav ass."D'Zuele géifen dat weisen, d'Courbe géif zu Lëtzebuerg net anescht ausgesinn, wéi an anere Länner.

Foto: Chambre des Députés

D'Paulette Lenert schwätzt vun alarmanten Zuelen. Sechs vun den 140 Persounen, bei deenen de Virus nogewise gouf, wieren den Ament hospitaliséiert, just eng Persoun zum Gléck op der Intensivstatioun.

Am Gesondheetsministère wier e Krisestaf zesummen. "Mir maachen den Ament näischt anescht wéi Corona", esou d'Paulette Lenert.

Stock gëtt cibléiert verdeelt

Si géif verstoen, datt de Stock national dobausse fir Opreegung suergt, esou d'Paulette Lenert. Mir hunn e limitéierte Stock u Material, an et gi Retarden an de Liwwerungen, erkläert d'Ministerin. Soulaang d'Material net ukomm wier, géif et cibléiert ausgedeelt ginn, do wou et gebraucht ass. Si kéint d'Saachen net heihin zauberen.

De Stock géif dohinner kommen, wou en am néidegste gebraucht géif ginn. Prioritär wieren déi Leit, déi am Gesondheetssecteur schaffen.

"Mir gi mat eisem Material vun haut un och an eng Stratégie de distribution iwwer", seet d'Ministerin. Duerch Eegeninitiativen a ganz vill Hëllef vun Experte wier vill mobiliséiert ginn, fir datt d'Material och hei ukënnt. Den Deploiement hätt elo ugefaangen, 120.000 Maske wieren d'lescht Woch erausgaangen un d'Dokteren an d'Spideeler. Si hätt elo d'Hoffnung, datt weidert Material kéint um Flughafe "begréisst" ginn.

Leit an de Keesen a Guichete géifen den Ament nach net prioritär beliwwert ginn, well d'Leit do net esoulaang am Kontakt wiere wéi op anere Plazen. Wa méi Material ukéim, kéint et awer och do ausgeliwwert ginn.

D'Deputéiert waren an zwee Raim getrennt bei der Deklaratioun. Foto: Chambre des Députés

Maison médicale gi muer op

D'Maison médicale gi muer um zéng Auer op (Norden, Zentrum, Süden) fir d'Fillière respiratoire. All Leit, déi Otmungsbeschwerden hunn, sollten an déi selwecht Filière goe fir net mat anere Patiente gemëscht ze sinn, esou d'Ministerin. Um INS géif esou eng Plaz ageriicht ginn. Am Oste géif och "mat Sécherheet" eng Plaz opgemaach ginn.

Am Prinzip sollt een Teleconsultation maachen, wann ee wëllt en Dokter gesinn, mam Zil fir manner a Kontakt ze kommen. Iwwer d'Consultatioun op Distanz kéint ee schonn en Tri maache vu schlëmmen an net schlëmme Fäll.

Verschidde Mesuren, déi am Kader vun der Digitaliséierung vun der Santé ugeduecht waren, ginn elo acceleréiert, seet d'Ministerin.

Et wier hir wichteg drun ze erënneren, datt ee soll seng zwee Meter Distanz halen. D'Police wier intensiv queesch duerch d'Land ënnerwee fir d'Leit op d'Recommandatiounen opmierksam ze maachen. Dat wier net, well Lëtzebuerg an engem Arméistaat ukomm wier.

Personal aus dem Gesondheetssecteur schützen

"Mir mussen d'Leit aus dem Gesondheetssecteur op de Been halen", esou d'Paulette Lenert. D'Regierung hätt op diplomateschem Plang alles gemaach, wat si hätt kënnen, fir datt d'Frontaliere kënne weider heihi schaffe kommen. Et wieren a Rekordzäit och ganz vill Zëmmeren an Hotelle fräigemaach gi fir Frontalieren ënnerzebréngen.

Et géifen och néng Crèchë gi fir d'Kanner vum Personal aus dem Gesondheetswiesen ze versuergen.

Um Enn en Appell fir Solidaritéit an Disziplin vun der Paulette Lenert. D'Liewe wäert weidergoen, seet d'Ministerin.