Etat d'Urgence Ee geféierlecht Gedankespill

D'Regierung huet d'Optioun consideréiert, op den Noutstandsartikel an der Verfassung zréck ze gräifen, fir méi Opfangstrukture fir Flüchtlingen kënnen ze schafen. Dat weist, wéi eng Geforen d'Instrument vum État d'urgence mat sech bréngt.

Pia Oppel

Kommentar Pia Oppel

Fir kee Mëssverständnis opkommen ze loossen: Et ass absolut begréissenswäert, datt den Ausgankspunkt vun dëser Diskussioun de Wëlle vun der Regierung ass, fir genuch Capacitéite fir den Accueil fir Flüchtlingen ze hunn. Déi politesch Haltung ass an dësen Zäite keng Selbstverständlechkeet.

De Problem läit anzwousch anescht: Virop an der Liichtfankegkeet mat där d'Regierung a Betruecht zitt rechtsstaatlech Prinzipien dem Pragmatismus ze afferen, amplaz hir Responsabilitéit z'iwwerhuelen.

Pragmatismus oder politesch Responsabilitéit?

D'Vereenten Natiounen hunn 2013 drop higewisen, datt eng Millioun Syrer op der Flucht wieren. Spéitstens 2015, wéi d'Flüchtlingskris op hirem virleefegen Héichpunkt ukomm war, hätten hei am Land méi potentiell Accueilstrukture kënne geplangt ginn. An d'Regierung hätt sech dobäi un d'Prozedure kënnen halen, fir net wéinst Formfeeler viru Geriicht ze scheiteren.

An datt vill Mënschen, och wa se de Flüchtlingsstatutt bis hunn, keng Wunneng fannen an dowéinst ëmsou méi Drock op d'Opfaangstrukturen entsteet, huet eigentlech näischt mat de Flüchtlingen ze dinn, mee mat engem Echec vun der Logementspolitik.

Risiko vu Mëssbrauch

De Problem ass awer och ee prinzipiellen: Wat d'Gedankespill vun de Majoritéitsparteie weist ass, datt wann Noustands-Artikelen an enger Verfassung stinn, d'Tentatioun grouss, se och ze notzen. A wat ass, wann eng Regierung dobäi keng esou éierbar Ziler suivéiert? Wann et op eemol drëms geet Flüchtlinge masseweis auszeweisen oder a Retentiounszentrumen anzespären? Wëll een, datt esou een Instrument och engem Politiker vum Kaliber vum Donald Trump oder Marine Le Pen zur Verfügung steet?

Obwuel d'Situatioun a Frankräich oder an der Tierkei weist, a wéi eng geféierlech Spiral den État d'urgence ka féieren, wëll déi blo-rout-gréng Koalitioun de Verfassungsartikel iwwert den État d'urgence hei am Land elo ausweiden: Net just am Fall vun enger internationaler Kris, mee och am Fall vun enger Gefor fir den ordre public, also enger nationaler Kris, soll den Ausnahmezoustand kënnen declaréiert ginn.

Terrorismus an Aktionismus

D'Exekutiv behält sech domadder d'Méiglechkeet fir op d'Terror-Menace mat enger eegener Attack op de Rechtsstaat ze reagéieren. Datt Politiker op d'Terror-Menace iwwerreagéieren, weisen déi nei Anti-Terrorbestëmmungen, déi vum grénge Justizminister Félix Braz kuerz no de Paräisser Attentater vun November 2015 proposéiert goufen.

Während dem État d'urgence géife sou Mesuren einfach a Form vun engem Reglement erlooss ginn. Dann ass keng Chamber méi gefrot, fir d'Opportuniteit an d'Formulatioun vun de Mesurë gutt ze heeschen. An dann ass kee Staatsrot méi do, see sech formell opposéiere kann.

DP, LSAP an déi gréng sollten als Parteie vun hirer Traditioun hier éischter d'Fräiheet vum Bierger ewéi déi repressiv Pouvoire vum Staat am Sënn hunn. An d'Bierger géife si am Beschte schützen, wa se den État d'urgence ganz aus der Verfassung géife sträichen.

Méi zum Thema

Viviane Loschetter
Terrorismus

Déi gréng Fraktiounscheffin Viviane Loschetter fuerdert wéinst der Kritik un den neien Anti-Terror-Mesurë eng Diskussioun iwwert dee richtegen Equiliber tëscht Sécherheet a Fräiheet.

Alex Bodry
Terrorismus

De Staatsrot fuerdert, datt de geplangte Kader fir den Asaz vum Staatstrojaner bei Justizenquêtë präziséiert gëtt. Da muss och d'SREL-Gesetz adaptéiert ginn, seet den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry.

Militär Frankräich.jpg
Etat d'Urgence

De Staatsrot insistéiert, datt den neie Verfassungsartikel iwwer den Etat d'Urgence net fir de Fall vun Terrorismus soll gëllen. Juristen deelen déi Analys, mee d'Chamber kéint un hirem Projet festhalen.

Renée Wagener.jpg
Ausnamezoustand

Soll ee wéinst dem Terrorismus d’Verfassung esou änneren, datt am Noutfall ouni gesetzlech Grondlag ka regéiert ginn? D'Renée Wagener mat engem historesche Réckbléck.

Felix Braz.JPG
Justiz an Terrorismus

Vu Software fir d'Duerchsiche vu Computere bis Online-Enquêten ënner Pseudonym: D'Justiz soll nei Méiglechkeete fir d'Strofverfolgung kréien. Ass dëse Projet iwwerstierzt lancéiert ginn?

Avis ligue.PNG
Verfassungsrevisioun

Fir d'Mënscherechtsliga gesäit déi geplangte Verfassungsrevisioun iwwert den "état d'urgence" net genuch Kontrollmechanisme vir. D'Chamber hätt Recommandatioune vun Europarot an UNO net respektéiert.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen