Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et war keen technesche Problem"

Chamberwahlen 2018

"Et war keen technesche Problem"

Eenzel Leit schénge Problemer domat gehat ze hunn, d'Bréifwahl iwwer myguichet.lu unzefroen. Dat hat d'Tageblatt gemellt. Hanner dem Site myguichet.lu stécht de CTIE, de Centre des technologies de l'information de l'Etat. Den Direkter Gilles Feith erkläert am Interview, datt de Wee fir d'Bréifwahl unzefroen u sech d'selwecht war wéi deen, fir iergend en anert Dokument um elektronesche Wee ze bestellen.

auto_stories

3 min

Den Direkter vum CTIE, de Gilles Feith, erkläert wisou et mam Ufroe vun der Bréifwahl dacks net geklappt huet. Foto: Archiv.

De Wee, fir d'Bréifwahl unzefroen, wier u sech dee selwechte wéi deen, fir iergend en anert Dokument um elektronesche Wee ze bestellen, erkläert den Direkter vum CTIE, de Gilles Feith. Et wier awer ganz schwéier ze soen, wisou Utilisateure Problemer hate fir d'Bréifwahl unzefroen.

Prozedur just lancéiert, mee net iwwerdroen

Verschidde Leit hätten d'Demarche just lancéiert, mee hätte se beispillsweis net digital ënnerschriwwen, esou den Direkter vum CTIE. Aner Leit hätten d'Demarche zwar signéiert an och op myguichet.lu gespäichert, mee se hätte se dann net iwwerdroen.

Dëst wier awer eng ganz normal Prozedur, well et misst een och nach d'Méiglechkeet hunn, nodeems een d'Demarche ënnerschriwwen an eropgelueden huet, nach zousätzlech Dokumenter dobäizesetzen. De Gilles Feith nennt hei d'Beispill vun der Carte d'identité. "A wann dann déi Demarche komplett ass, d'selwecht wéi bei all den aneren Demarchen, dann dréckt een dann 'Transmettre', an duerch 'Transmettre' gëtt se dann un d'Verwaltung weiderginn", erkläert den Direkter vum CTIE. De Status vun der Demarche géif een och op myguichet.lu gesinn, deen entweder "transmissible" oder "transmis" wier.

Wéi ee Bréif, deen een net agehäit

Et kéint een dat vergläiche mat engem Bréif, deen een an eng Enveloppe stécht an déi een dann awer net agehäit. All déi Leit, déi hir Demarche net iwwerdroen hätten, déi géifen awer eng Convocatioun heemgeschéckt kréien, fir datt si um Wahlsonndeg physesch wiele kënne goen.

Wéi vill Leit heivunner betraff sinn, dat kann de Gilles Feith net genee chiffréieren, éischtens well den Dateschutz géif gräifen, a well vill Leit vläicht och einfach wollte probéieren, mee d'Bréifwahl awer net hätte wëllen ufroen. Et wier awer keen technesche Problem ginn, präziséiert den Direkter vum CTIE.

D'Leit bei der Demarche guidéieren

Den Utilisateure bitt den CTIE awer eng Rei Hëllefsmëttel un: "Ech mengen déi digital Technik ass net à la Portée vu jiddwerengem, dofir kucke mir d'Leit esou wäit ze guidéiere wéi méiglech." Op myguichet.lu géif een dofir eng grouss Rubrik "Aide" fannen, wou all Demarche am Detail beschriwwe wier. D'Utilisateure kéinten awer och uruffen, eng E-Mail schreiwen oder physesch laanschtkommen. Et géif een de Leit gär hëllefen, "a mir si frou iwwer jiddwereen, dee sech mam Outil myguichet.lu auserneesetzt", seet de Gilles Feith.

Iwwer myguichet.lu kann een 245 Demarchen digital ufroen, an "am grousse Ganze sinn d'Echoen zimlech positiv", seet de Gilles Feith. "Ech soen awer och, datt mir ganz seriö huelen, all Remarken, déi mir kréien, a mir kucken och an Zukunft ze evoluéieren an dat méi einfach ze maachen." Dëst Joer huet den CTIE schonn iwwer 248.000 Demarchen empfaangen, an et geet een dovunner aus, datt ee bis zum Schluss vum Joer op iwwer 300.000 Ufroe géif kommen. D'lescht Joer waren et der 200.000.