Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Moby - Porcelain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et steet zweiwelsfräi fest"

Weltklimarapport

"Et steet zweiwelsfräi fest"

Bëschbränn, wéi aktuell a Griicheland, oder Iwwerschwemmungen no extrem staarkem Reen, wéi rezent hei zu Lëtzebuerg an am noen däitschen a belsche Grenzgebitt, wiere Wiederphenomener, déi d'Wëssenschaft haut eendeiteg op de Klimawandel zeréckféiere kéint.

auto_stories

2 min

Den Andrew Ferrone ass Chef vum Wiederdéngscht am Agrarministère a Vertrieder vu Lëtzebuerg am Weltklimarot

De Klimarapport géif feststellen, datt een elo schonn Impakter vum Klimawandel geséich, beispillsweis am Beräich vun den Dréchenten an den extremen Temperaturen. Mat all zéngtstel Grad géif sech dat méi bemierkbar maachen.

"Hëtztwellen, déi an der preindustrieller Zäit eng all zéng Joer opgetruede sinn, trieden elo ongeféier all dräi Joer op an engem Zäitraum vun zéng Joer. Bei 1,5 Grad wieren et der véier, a bei zwee Grad souguer fënnef: do hätte mer also do quasi all zwee Joer esou eng Hëtztwell. Dat weist och den Ënnerscheed tëscht 1,5 an 2 Grad, deen an dësem Rapport och festgehalen ass."

Äerderwiermung ass zweiwelsfräi op de Mënsch zeréckzeféieren

Och an engem Punkt géif et elo eng absolut Gewëssheet ginn, déi ee virun e puer Joer nach net hat: d'Atmosphär, d'Landiwwerfläch an den Ozean hu sech duerch déi anthropogen Emissioune vun den Zäregasen erwiermt. Dat steet fir déi wëssenschaftlech Communautéit zweiwelsfräi fest, do wier ee sech eens.

Genee esou kéint si haut mat Bestëmmtheet soen, datt d'Äerderwiermung integral op de Mënsch a säi Verhalen zeréckzeféieren ass. Am leschte Weltklimarapport wier een dovunner ausgaangen, datt d'Hallschecht vun der Äerderwiermung zweiwelsfräi op de Mënsch zeréckgefouert ka ginn. "Elo ass et wierklech de ganzen Deel vun der Erwiermung." Dëse Konsens wier en "enorme" Fortschrëtt, dee gemaach ginn ass.

Et gëtt nach Hoffnung

Et wier nach net ze spéit fir d'Äerderwiermung ze bremsen, seet de Weltklimarot (IPCC) a sengem Rapport, dee gëschter virgestallt ginn ass. De Klimatolog Andrew Ferrone, dee Lëtzebuerg an deem UNO-Gremium vertrëtt, weist drop hin, datt d'Wëssenschaft d'Hoffnung nach net ganz opginn huet.

Wann d'Emissiounen an den nächsten zéng Joer drastesch erofgesat ginn, a wa bis 2050 d'CO2-Emissiounen op netto null erofgesat an duerno souguer negativ wieren, da kéint een um Schluss vum Joerhonnert am beschte Fall eng Äerderwiermung vun 1,4 Grad Celsius erreechen. "Dat ass den optimisteschsten Zenario", esou den Andrew Ferrone.