Radioen

On air

Notturno  |  Stella Donnelly - Lungs

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Et soll ee keng Déieren aus der Vakanz mat bréngen

Veterinärsinspektioun

Et soll ee keng Déieren aus der Vakanz mat bréngen

Et soll een aus der Vakanz keen Déier mat heem bréngen. Dat bréngt nämlech eng ganz Rëtsch Risike mat sech, warnt d'Veterinärsinspektioun. Nieft dem sanitären Aspekt, wier och ganz einfach d'Wuelbefanne vum Déier selwer a Gefor.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Och wann de Mupp een nach esou trei kuckt, aus Matleed sollt een esou eng Decisioun net huelen, betount d'Veterinärsinspekterin Bérit Majeres. Sech en Hausdéier ze huelen, bréngt eng grouss Verantwortung mat sech, där een sech bei esou enger spontaner Decisioun net onbedéngt bewosst wier.

Donieft géif et och sanitär Risike gi wéi d'Tollwut. Do wieren a verschiddene Länner nach Fäll bekannt an et kéint een d'Krankheet dann och mat heihinner bréngen, warnt d'Bérit Majeres. Dat géif dann och d'Leit an d'Déiere ronderëm ee betreffen.

Schwéier ze kontrolléieren

Ausser wa se mam Fliger op Lëtzebuerg kommen, wier et awer ganz schwéier ze kontrolléieren, wien a wat d'Leit mat an d'Land bréngen.

"Wann een dat kommerziell mécht muss een dat virdrun umellen an engem System an do muss een och d'Pabeieren alleguer weisen oder mat aspeisen, datt dat eben an der Rei ass."

D'Veterinärinspektioun geet vun enger héijer Donkelziffer aus. Wann awer opfält, datt en Déier ouni Pabeieren hei am Land ass, da muss eng mise en conformité gemaach ginn.

Quarantän a kompletter Isolatioun

Fir Déieren aus der EU heescht dat, datt se wärend 6 Méint d'Land net dierfe verloossen a reegelméisseg musse bei de Véidokter an d'Kontroll. Déieren aus Drëttstaate mussen eventuell souguer an d'Asyl.

"Da bleift et net doheem am Foyer, mee dat gëtt et erausgeholl a wierklech a Quarantän gesat, fir ofzewaarden op et dann eng Kéier Symptomer weist oder net."

Dat géif och ëmmer nees virkommen, präziséiert d'Bérit Majeres. Aktuell wier dat bei engem Hond de Fall, deen iwwert d'Belsch aus Tunesien an de Grand-Duché matbruecht gouf. An dëser Quarantän séizen d'Déieren awer a kompletter Isolatioun, wat natierlech extrem schlecht fir hiert Wuelbefannen wier.