Nordstadgemeng "Et muss ee mat Häerzblutt derbäi sinn"

Den Abbes Jacoby vermësst "Häerzblutt" an der Diskussioun ëm d'Fusioun vun de fënnef Nordstad-Gemengen. Et géif ze vill iwwer Sue geschwat ginn. Um politesche Plang feelen him "Überzeugungstäter".

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Abbes Jacoby
Den Abbes Jacoby huet sech no zéng Joer aus dem Ettelbrécker Gemengerot zeréckgezunn

No zéng Joer huet den Abbes Jacoby sech gëschter aus dem Ettelbrécker Gemengerot zeréckgezunn fir enger jonker grénger Conseillère Plaz ze maachen.

Et wier him wichteg, datt grad déi Jonk d'Chance kréien sech aktiv um Fusiounsprozess ze bedeelegen, sou begrënnt den Abbes Jacoby säi Schrëtt. Hie geet och dovunner aus, datt déi jonk "nach méi" hanner dem Fusiounsprozess stinn.

"Ech mengen, déi jonk Generatioun - an et ass dat eppes wat d'Politik verkennt - déi si schonn e Schrëtt viraus, wéi se liewen, wéi se dat verstinn a wéi dat besonnesch op kommunalem Niveau funktionéiert. Bei där eelerer Generatioun ass ëmmer nach e bëssen déi "Hunn-um-Mëschtekoup-Mentalitéit". Déi Jonk, déi gesinn dat ganz anescht, déi gesinn dat vill méi oppen. Et trëfft ee kaum ee Jonken zu Ettelbréck, dee seet "Ech si virun allem en Ettelbrécker"."

Den Abbes Jacoby kéint net wierklech novollzéie, firwat déi Responsabel aus de fënnef Nordstad-Gemenge 5.000 Euro pro Awunner vun der Regierung froen, fir mateneen ze fusionéieren. 5.000 Euro pro Awunner wier duebel esou vill wéi de Subsid, dee gewéinlech bei Gemengefusioune vum Staat bezuelt gëtt. D'Lëscht vu Projeten, mat deenen dee Montant begrënnt gëtt, wier awer zimmlech "farfelu".

Den Abbes Jacoby huet vun 1988 bis 2015 fir déi gréng geschafft, fir d'éischt als parlamentaresche Mataarbechter, duerno als Fraktiounssekretär. Hien huet also de Wee vun der Protest- iwwer d'Oppositiouns- bis bei d'Regierungspartei materlieft, wann och net an der éischter Rei, mee méi am Hannergrond.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Illustratioun Nordstad
Nordstad

D'Nordstadgemenge fuerdere fir d'Fusioun eng eemoleg Hëllef vun 5.000 Euro pro Awunner vum Staat. D'Nordstad géif eng regional Roll spillen an hätt doduerch méi Depensen. Den Inneministère ass awer erstaunt iwwer deen héije Montant.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen