Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Come On Up To The House

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et kënnt souwisou en Neien"

Nordost-Syrien

"Et kënnt souwisou en Neien"

Zanter dem amerikanesche Réckzuch aus Nordost-Syrien an déi tierkesch Attacken op dës Regioun, ass d'Fro vun der Zukunft vun den auslänneschen Dschihadisten, déi déi europäesch Länner nach ëmmer net zeréckhuele wëllen, erëm opkomm. D'Charlotte Bruneau huet mat enger däitscher Gefaangener an Nordost-Syrien doriwwer geschwat, wéi d'Fraen am Lager fir IS-Famillen déi rezent politesch Evenementer gesinn.

auto_stories

3 min

An deene leschten dräi Wochen ass an Nordost-Syrie vill geschitt, d'Zukunft vun der syrescher Kurderegioun war nach ni esou onsécher. De Réckzuch vun den amerikaneschen Truppen, déi tierkesch Attacken, de Réckzuch vun de kurdesche Sträitkräften ewech vun der tierkescher Grenz, déi do mëttlerweil duerch d'Truppe vum Assad-Regime ersat goufen.

Wat geschitt mat de Gefaangenen?

Onsécher ass doduercher och d'Zukunft vun den iwwer 1.000 auslänneschen Dschihadisten an hire Famillen, déi an de Prisongen a Lagere vun der kurdescher Autonomieverwaltung gehale ginn. D'Aliya ass 25 Joer al, huet dräi Kanner an ass schonn zanter zwee Joer am Lager Roj. Hire Mann ass vun de Kurde gefaangen.

D'Alya wënscht sech vun Däitschland erëm opgeholl ze ginn. Si gëtt hir Schold zou: deemools wollt si zum Opbau vum sougenannten Islamesche Staat bäidroen. Haut wier si dogéint an doduercher am Lager isoléiert.

"Es gibt so viele gefährliche Frauen hier, ich habe Angst um mein Leben. Die Frauen sind durchgeknallt. "Du trägst keine Burka", "warum hast du Nagellack". Und dann bewerfen sie dich mit Steinen, machen dein Zelt kaputt und den Garten, den ich mir gebaut habe. Es gibt eine Gruppierung hier, die ist so radikal, die wollen nur umbringen"

D'Prisonéier bleiwe geféierlech

Datt d'Famillen an de Lageren, mee och d'Dschihadisten an de Prisonge geféierlech bleiwen, ass kee Geheimnis. Dofir hunn d'Autoritéiten an Nordost-Syrien ëmmer erëm gewarnt, datt déi europäesch Länner zu enger Léisung bäidroe sollten an net dorobber waarde sollen, datt eppes geschitt. Wéi zum Beispill déi rezent Loftattacken aus der Tierkei.

Ganz am Ufank vum tierkeschen Ugrëff gouf de Prisong vun Ain Issa bombardéiert, an ëm déi 800 Dschihadiste sinn entkomm. D'Aliya zielt, datt do vill Männer geflücht sinn. "Wenn ich hier Angst habe vor den Frauen - wie ist es mit den Männern? Wo sind die geflohen? Das weiss ich nicht."

Wat geschitt no den Attacken?

Am gréisste Lager el Hol sinn no den Attacken Onrouen ausgebrach, Zelter si verbrannt an e Fändel vum Islamesche Staat gehuewe ginn. Am Roj Lager hu verschidde Frae versicht fortzelafen, vill vun hinnen haten hir Saache scho gepackt an der Hoffnung, d'Tierkei géif och si befreien.

Dëst ass bis ewell net geschitt - eng schlecht Noriicht fir déi méi radikal Fraen, déi an der selwechter Woch nach eng schlecht Nouvelle hu missen erdroen - an zwar déi vum Doud vum IS Chef al Baghdadi.

"Es war Totenstille. Die kurdische Security kam, dass da niemand was machen könnte. Es gibt Frauen die sauer sind und die etwas rauslassen wollen. Sie haben gesagt: es kommt sowieso ein Neuer. Diese Leute sind krank."

Mat der politescher Instabilitéit an Nordost-Syrie bleift d'Sich no enger Léisung dréngend. D'Tierkei soll en Rei Dschihadisten, déi aus Nordost-Syrie fortgelaf sinn, erëm gefaangen hunn. Déi tierkesch Regierung huet e Samschdeg bekannt ginn, datt si déi europäesch Dschihadisten zeréck an hir Länner schécke wéilt an üübt esou Drock op déi jeeweileg europäesch Länner aus.