arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et kann een net direkt mat engem Kompromëss ufänken"

Wiessel un der Spëtzt vun der

|
reading time

3 min

"Et kann een net direkt mat engem Kompromëss ufänken"

No den interne Streidereien, déi sech iwwer méi wéi zwee Joer gezunn an déi d'APESS méintelaang paralyséiert hunn, wëllt déi nei Spëtzt ronderëm de President André Berns d'Proffegewerkschaft nees a méi roueg Zäite féieren - a gläichzäiteg hire Profil schäerfen.

reading time

3 min

De leschten 21. September ass den André Berns President vun der APESS ginn: Op enger ausseruerdentlecher Generalversammlung krut hien 125 Stëmme vun den Delegéierten. Den deemolege President Daniel Reding koum just op 97 Stëmmen a war domat ofgewielt. Och déi dräi aner Kandidate fir an den Exekutiv-Comité aus der Equipe Berns konnte sech géint hir Virgänger duerchsetzen, sou datt déi personell Viraussetzunge fir en neien Ufank gi waren.

Allerdéngs ass et zënterhier roueg bliwwen; déi nei Spëtzt vun der APESS huet sech nach net wierklech inhaltlech geäussert. Den André Berns erkläert dat domat, datt säin Exekutiv-Comité fir d'éischt emol misst Informatiounen zesummendroen. "Den Internet-Site ass einfach ofgeschalt ginn, d'Dossiere sinn alleguer verschwonnen. Lues a lues kréie mir elo e puer Informatiounen, mä dat ass extrem zéi", kritiséiert den APESS-President déi fréier Gewerkschaftsspëtzt.

Stellungnam zur Lycéesreform

Hie kënnegt un, datt d'APESS sech geschwënn zu Wuert melle wäert, an zwar zu de Réglements grand-ducaux, déi am Summer an der Suite vun der Lycéesreform geholl goufen. Eng vun deenen Ausféierungsbestëmmunge betrëfft d'Promotiouns-Critèren: Et geet ëm d'Fro, ob e Schüler eng genügend oder eng ongenügend Note huet. Do sollen déi eenzel Professere Responsabilitéit un de Conseil de classe ofginn, deen eng Appreciatiouns-Marge soll kréien. "Dat fannen ech e bëssen onglécklech", seet den André Berns.

Wat d'Relatioune mat den anere Proffe-Gewerkschaften ubelaangt, huet den André Berns sech net géint eng Zesummenaarbecht mat Féduse an SEW ausgeschwat. Him ass awer virun allem dru geleeën, de Profil vun der APESS ze schäerfen. D'Form vun der Intersyndicale wier "à la longue" net déi richteg Léisung. Fir d'éischt misst ee seng eege Meenung emol vehement vertrieden, an dann eréischt op de Wee vun engem Kompromëss goen: "'t kann een net direkt mat engem Kompromëss ufänken, soss verléiert een op der ganzer Linn", sou den André Berns.

Kooperatioun mee keng Eenheetsgewerkschaft

"Villfalt ass ëmmer besser wéi Monokultur", mengt de President vun der Féduse, Raoul Scholtes. Wann et an de leschte Jore Problemer gouf, hätte sech déi dräi Gewerkschaften, APESS, SEW a Féduse zesumme fonnt fir eng Léisung ze sichen. D'Zil wier et, fir am Endeffekt Iddien auszetauschen a Kompromësser ze fannen, déi fonctionnéieren.

All Gewerkschaft sollt hier eege Meenung vertrieden. Et wier et och net am Sënn vun der APESS a Richtung vun enger Eenheetsgewerkschaft ze goen, seet den André Berns.

Fir de Raoul Scholtes wier dëst kee Widdersproch wann een als Gewerkschaft wéilt fir d'éischt eemol eleng handelen, a wann ee keng Léisung fënnt fir sech an enger zweeter Etappe mat den anere Gewerkschaften zesummen ze doen.