Radioen

On air

Notturno  |  Aufgang & Ryvage - Night Song For Shiny People - Soundwalk Version

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et huet keen e Plang

Chamberwahlen 2018

Et huet keen e Plang

Wat geschitt nom 14. Oktober? Fir de Romain Hilgert, Chefredakter vun der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land ass et relativ kloer: "Wann d'CSV erëm stäerkst Partei gëtt, ass et de Leit ganz schwéier ze vermëttelen, datt ee se nach eng Kéier géif ignoréieren", seet hien. Et géif also wahrscheinlech drop erauslafen, datt d'CSV d'Méiglechkeet huet, fir sech e Koalitiounspartner erauszesichen.

auto_stories

3 min

De Jean-Lou Siweck vum Tageblatt, de Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land, an d'Caroline Mart vun RTL Tëlee Lëtzebuerg.

Dat wier ëmsou méi probabel, well déi aktuell Regierung net mam Zil an d'Wahle geet, fir hiert Mandat verlängert ze kréien. D'Dräier-Koalitioun hätt ebe kee gemeinsame Projet méi. D'Ambitioun eng "Regierung ouni d'Pafen" ze bilden, hätt se jo realiséiert, seet de Romain Hilgert.

D'Caroline Mart vun RTL Tëlee Lëtzebuerg mengt, fir weider mateneen ze schaffe bräicht een "eng gewëss Kompatibilitéit an eng gewëss Loscht". Béides wier bei blo-rout-gréng séier verluer gaangen. De Jean-Lou Siweck, Editpress-Direkter an Tageblatt-Chefredakter, fléckt derbäi, datt dee Moment, wéi d'Parteien hire Positionnement fir de Wahlkampf definéiert hätten, d'Prognose fir Gambia extrem schlecht waren.

Zeréckhalung vun der CSV: Eng Strategie, déi opgeet?

Wat d'Strategie vun der CSV ugeet, fir an der Wahlcampagne ganz zeréckhalend an éischter onopfälleg opzetrieden, ginn et an den Ae vun de Journaliste verschidde Grënn. D'Geschicht géif herno just zeréckbehalen "wie gewonn huet, an net wéi ee gewonn huet", seet de Romain Hilgert. An deem Sënn wier d'Taktik vun der CSV, fir weder opzefalen, nach unzëecken zwar "net couragéiert, mee zilféierend".

D'Caroline Mart weist drop hin, datt et och net einfach ass a gudden Zäiten aus der Oppositioun eraus Wahlkampf ze maachen. Et wier effektiv fir d'éischt zanter 1999, datt eng Campagne an e Moment fält, an deem et dem Land gutt geet, präziséiert de Jean-Lou Siweck.

"D'Land ass net ënnergaangen"

Dobäi kéim, datt déi lescht fënnef Joer d'CSV demystifizéiert hätten: "D'Land ass net ënnergaangen" - trotz enger Regierung ouni si, seet de Jean-Lou Siweck. An de leschte fënnef Joer wier aus der CSV "eng Partei wéi déi aner" ginn, seet de Romain Hilgert. Si kréich sech programmatesch net méi profiléiert, well hir politesch Divergenze mat de Kontrahenten nëmmen "symbolesch" wieren.

"D'CSV ass elo déi mam Plang, an net méi déi mam Juncker", sou d'Caroline Mart. D'Partei wier "austauschbar", well se emol keng vun de blo-rout-grénge Reforme wéilt réckgängeg maachen. Et hätt sech gewisen, datt "wann een der CSV de Staatsapparat ewech hëlt, da kënnt do ganz wéineg", mengt de Jean-Lou Siweck.

Kënnen d'Sozialiste sech behaapten?

Datt der LSAP e schlecht Ofschneide virausgesot gëtt, huet fir de Jean-Lou Siweck näischt mat hirem Bilan vun de leschte fënnef Joer ze dinn. Dat misst een "an deem laangfristege Kontext" gesinn, deen der Sozialdemokratie néirens an Europa favorabel ass. Am Fong geet et de Lëtzebuerger Sozialisten am europäesche Verglach nach gutt, notéiert de Romain Hilgert, trotz dem "Anti-Sozialist" Etienne Schneider un hirer Spëtzt.

Ob deem seng Rechnung opgeet, fir kuerz virun de Wahlen nees klassesch sozialdemokratesch Fuerderungen, wéi eng Aarbechtszäit-Verkierzung oder eng Mindestloun-Erhéijung an d'Diskussioun ze bréngen, gehéiert fir d'Caroline Mart zu de spannendste Froe bei dëse Wahlen. Entweder géif dat näischt un der Onzefriddenheet bei der Basis änneren, an d'Rechnung kéim um Wahldag, oder d'Partei géif sech geschlossen hanner hire "staarke Mann" stellen an der Iwwerzeegung: "Den Etienne mécht dat fir eis!"

Et geet net ëm Wuesstem

Wat dat dominant Wahlkampf-Thema Wuesstem ubelaangt, sinn déi dräi Journaliste sech eens: Et geet guer net ëm Wuesstem. Op jidder Fall net ëm wirtschaftleche Wuesstem: "Mir schwätze leschten Enns dovunner, datt ze vill Frankophoner am Land sinn", seet d'Caroline Mart.

De Jean-Lou Siweck ergänzt, datt an enger Wahlcampagne keng politesch Theme beschafft, mee just Gefiller bedéngt ginn: "Wéi kann ech dat ubidden, wat ech mengen, dat d'Wieler vu mir héiere wëllen?" Léisunge fir déi déifgräifend Problemer vun dësem Land géife keng ugebuede ginn. Et géif een den Androck net lass ginn, "datt kee wierklech e Plang huet".