Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et gëtt héich Zäit, datt d'Partei ufänkt ze liewen"

Europawahlen 2019

"Et gëtt héich Zäit, datt d'Partei ufänkt ze liewen"

Den Erneierungsprozess bei der CSV wäert nach e puer Joer an Usproch huelen, seet den CSV-Parteipresident. Hie freet d'Partei fir sech un dem Prozess ze bedeelegen. Et soll awer keen Exercice vun uewen erof ginn, sou de Frank Engel.

auto_stories

3 min

Frank Engel

Minus 16 Prozentpunkten a just nach zweetstäerkste Partei. D'CSV huet bei den Europawahlen däitlech Plomme gelooss. Den CSV-President Frank Engel hält et trotzdem fir méiglech, datt seng Partei op laang Dauer déi stäerkste politesch Kraaft bléift. Fir datt dat geléngt, dierft d'CSV sech awer net weider no riets orientéieren, esou de Frank Engel.

D'CSV misst sech un d'Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft upassen an um richtegen Niveau argumentéieren. "Déi Kaart, déi de Wieler gëschter gezeechent huet, déi seet eis ganz eendeiteg, datt mir Wahlen an Zukunft mussen an der Mëtt gewannen. Matten an der Gesellschaft. An dat ass déi Lëtzebuerger Gesellschaft, déi mir hunn, an net déi, déi eng Partie verstackte Konservativer sech wënschen.

"Wann, zu Mamer, déi gréng éischt Partei ginn, dann heescht dat, datt mir mat deene Grénge mussen driwwer schwätzen an doriwwer streiden, datt déi Wieler erëm bei eis kommen. An net mat iergendwellechen hypothetesche Géigner soss anzwousch. An dat selwecht ass wouer a schrecklech ville Lëtzebuerger Gemengen."

Sech ëm d'Suergen an Néit vun der Majoritéit vun der Populatioun bekëmmeren

Obwuel vill chrëschtlech-sozial a chrëschtdemokratesch Parteien am Ausland laangfristeg u gesellschaftlechem Afloss schénge verluer ze hunn, gesäit hien dat Schicksal net zwéngend fir Lëtzebuerg viraus. Dat géif awer viraussetzen, datt d'CSV sech géif un de Suergen an den Néit vun der Majoritéit vun der Populatioun géif orientéieren. "Mir kënnen net dat maachen, wat verschidde chrëschtdemokratesch Parteien an der Mëtt vun Europa maachen. Déi soen: Hei ass eise Message. A wann et dann eben nëmmen nach fënnef oder zéng Prozent vun de Leit sinn, déi dee gutt fannen, da sinn dat eis, an 30 Prozent interesséieren eis dann net méi. Mech interesséieren déi 30 Prozent."

Erneierungsprozess brauch nach Zäit

Deen néidegen Erneierungsprozess bei der CSV wäert nach e puer Joer "an Usproch huelen", seet de Parteipresident Frank Engel. Hie géif d'Partei biede sech un dem Prozess ze bedeelegen. "Dat gëtt keen Exercice vun uewen erof, well et héich Zäit gëtt, datt d'CSV als Partei ufänkt ze liewen", dat hätt se ze laang net gemaacht. Eng Vollekspartei wéi d'CSV eng wëllt sinn, misst et awer och fäerdeg brénge fir Sujete vun ënnen no uewen "ze spullen". Bis et souwäit ass, géif awer nach méi laang daueren "wéi vum 26. Januar bis de 26. Mee".

Wann déi parteiintern Diskussiounen erfollegräich verlafen, géif d'Partei an zwee Joer anzwousch anescht stoe wéi haut, sou de Frank Engel. D'CSV wier an de leschte Joren op Theme wéi dem Klimawandel an der Nohaltegkeet net present genuch gewiescht, dat wier och e Grond, firwat d'CSV bei den Europawahlen esou grouss Verloschter gemaach hätt. D'Partei wier am Gaange konkret Proposen an der Klimapolitik auszeschaffen, dat wier allerdéngs e méi laange Prozess, sou de Frank Engel. CSV hätt net déi néideg Ressourcë gehat, fir dës während der Wahlcampagne fir d'Europawahlen ze maachen.