Radioen

On air

Notturno  |  First Mote - Middlecroft

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et geet net ëm Muecht"

Kathoulesch Kierch

"Et geet net ëm Muecht"

Weder e Fraen-Diakonat nach eng Oplockerung vum Zölibat. A sengem Dokument zur Amazonas-Synod huet de Poopst keng Kloer Ausso iwwer d'Zouloosse vu bestuete Männer als Paschtouer an der Amazonas-Regioun gemaach.

auto_stories

2 min

D'Gespréich mam Kardinol Jean-Claude Hollerich lauschterenplay_arrow


De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


De Lëtzebuerger Kardinol Jean-Claude Hollerich erkläert sech dat doduerch, datt an Europa, wéi an Däitschland, grouss Debatten opkomm sinn. "Da geet de Bléck op den Amazonas verluer."

De Kardinol bedauert, datt et nach ëmmer vill Europazentrismus an der Kierch géif ginn. "Dee musse mir lass ginn. D'Kierch ass vill méi grouss a méi lieweg, wéi dat, wat mir hei an Europa liewen." De Jean-Claude Hollerich bedauert, datt een direkt "a sou Kontroverse geréit", wann et verschidde Meenunge ginn.

Wéi eng Roll fir Fraen an der Kierch?

Och zur Fraefro huet de Poopst sech wéineg konkret geäussert. De Chef vun der kathoulescher Kierch rifft a sengem Dokument zwar zu méi Fraen a Féierungspositiounen op, eng Weie fir geeschtlech Ämter schléisst hien awer aus.

Dem Jean-Claude Hollerich no wéilt de Poopst hei en anere Wee goen. Et soll an der Kierch net ëm Klerikalismus goen, seet hien:

"Dat heescht, datt d'Muecht net eleng bei geweite Männer leien dierf, mee datt mir Strukture musse fannen an der Kierch, wou d'Fra voll bedeelegt ass. A wann een dat iwwer d'Weie mécht, da mécht een en neie Klerikalismus, wou ee seet: jo, dee Geweiten entscheet alles eleng."

Fir datt Frae sech d'selwecht behandelt fillen, misst een dem Jean-Claude Hollerich no Saache fannen, déi just Frae maachen dierfen. Et sollt ee mierken, datt et net ëm Muecht géif goen.

D'Strukture fir dat ëmzesetze missten allerdéngs nach geschaf ginn. De Lëtzebuerger Kardinol hieft dann och d'Wichtegkeet vum Erhale vu Reebësch am Amazonas ervir. Eng Saach, déi bei der Amazonas-Synod vernoléissegt gi wier.