Zu Lëtzebuerg mussen Transportentreprisen och an Zukunft dee selwechte Präis um Diesel bezuele wéi privat Chauffeuren. D'Marianne Welter seet, d'Regierung hätt dem Groupement ze verstoe ginn, datt si net bereet wier, den Entreprisen en Deel vun den Accisen um Sprit ze rembourséieren, esou wéi dat zum Beispill an der Belsch geschitt.
Ginn d'Lëtzebuerg Entreprisen also deemnächst an d'Ausland tanken? D'Marianne Welter seet, et misst een dat iwwerdenken, well dat wier mat méi administrativer Aarbecht verbonnen. Et misst een och kucken, ob dat um Wee läit a sech ausrechnen, ob dat wirtschaftlech wier.
Bis elo keng Aarbechtsplazen a Gefor
D'Regierung huet annoncéiert, datt 2021 eng sougenannten CO2-Steier ageféiert gëtt, déi och um Bensin an um Diesel gëllt.
D'Marianne Welter seet, dës Steiererhéijung géif bei hir am Betrib nach keng Aarbechtsplazen op d'Spill setzen. Wann d'Accisen dono awer weider klammen, da géif et fir d'Transportentreprisen iergendwann ëm d'Existenz goen.
Camionsentreprisen: Op d'Offer ugewisen
Wat kennen d'Camionsentreprisen da selwer ënnerhuele fir CO2-Emissiounen anzespueren? D'Marianne Welter mengt, datt dat schwiereg wier.
"Mir kënnen ëmmer nëmmen dat kafen, wat d'Constructeure bauen. An esou laang et keng Alternative ginn zum Diesel, kënne mer och net vill maachen. Mir kënnen natierlech nei Camione kafe mat der Ofgasnorm Euro 6, déi si vill manner schiedlech, wéi déi Generatioun virdrun. Mee mir kënnen ëmmer nëmmen dat kafen, wat um Marché ass. Et gi wuel scho Gascamione vun där enger oder anerer Mark. Mee dann ass keng Tankstell hei am Land. Et si keng Infrastrukturen do fir dat Ganzt. Dat heescht: Esou laang, wéi net iergendeppes anescht um Marché ass, kënne mer net mat eppes anescht fueren."