arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et fänkt u sportlech ze ginn"

Corona-Pandemie

|
reading time

2 min

"Et fänkt u sportlech ze ginn"

Stéisst den analogen Tracing u seng Limitten? Mat iwwer 60 Neiinfektiounen den Dag missten d'Leit an der Inspection sanitaire Iwwerstonne maachen, mee "mir kréien dat hin", seet de Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé.

reading time

2 min

play_arrow De Bäitrag vum Maurice Molitor lauschteren

Bis zu 60 Neiinfektioune kéint d'Inspection sanitaire den Dag zeréckverfollegen, sot de Jean-Claude Schmit Enn Juni am 100,7-Interview. Dës Zuel wier allerdéngs net a Stee gemeesselt, esou den Direkter vun der Santé. Och wa 60 Fäll den Dag vill wieren, géif et nach Sputt ginn. "Mat 60 fänkt et effektiv u sportlech ze ginn, da mussen d'Leit Iwwerstonne maachen."

Un deenen Deeg, wou et vill nei confirméiert Fäll gi sinn, hätt d'Personal vun der Inspection sanitaire "deels bis bal 11 Auer owes geschafft". De Jean-Claude Schmit weist sech awer optimistesch: "Mir kréien dat nach hin".

Méi Personal fir den Tracing

Den Ament schafft d'Inspection sanitaire mat engem Pool vu 60 Leit, déi probéieren erauszefannen, mat wiem nei infizéiert Persoune Kontakt haten, fir deenen dann och Bescheed ze soen. Dëse Pool gëtt de Moment opgestockt.

Et goufen Opriff gemaach, et gëtt rekrutéiert, an déi concernéiert Leit sinn och schonn no e puer Stonne Formatioun asazbereet, seet de Jean-Claude Schmit."Mir hunn och zousätzlecht Personal agestallt. Mir kënnen och nach eng Schëpp zouleeën, also ech géif soe bis 80, 100 wäerte mer et warscheinlech packen."

An de Raimlechkeeten, déi fir den Tracing reservéiert sinn, stinn 100 voll equipéiert Posten, déi noutfalls och am Schichtbetrieb kéinte besat ginn.

Eenzelfäll net méi tracen

Sollt d'Zuel vun den Neiinfektioune weider klammen, sou datt den Tracing net méi méiglech ass, huet d'Inspection sanitaire eng aner Approche, erkläert de Jean-Claude Schmit:

"Ech mengen, dann hält ee warscheinlech mat enger Rei Saachen op: Eenzelfäll ginn da warscheinlech net méi getraced, mee do wou mer wëssen, datt d'Clustere sinn, kéinte mer z.B. nach aktiv bleiwen."

An deem Fall géife sech awer nach aner Froe stellen, seet den Direkter vun der Santé: "Dee Moment ass d'Epidemie nämlech net méi ënner Kontroll" an d'Regierung misst sech Froe stelle vun deelweis méi strikte Limitatiounen, esou de Jean-Claude Schmit.