Radioen

On air

Notturno  |  Edna Wright - If The Price Is Right

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et dierf ee sech net ze geckeg maachen"

Corona-Kris

"Et dierf ee sech net ze geckeg maachen"

De Psycholog Marc Stein réit de Leit, sech selwer eng gewëss Disziplin opzëerleeën. De President vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie seet, et kéint ee sech roueg zwee-, dräimol den Dag e bëssen Zäit huelen, fir sech bei fiabele Quellen ze informéieren iwwer alles wat mat der Corona-Kris ze dinn huet.

auto_stories

3 min

De Psycholog Marc Stein ass de President vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie

De Marc Stein recommandéiert de Leit, datt ee ganz bewosst sollt ofschalten, an net stonnelaang op de soziale Medien hänken, wou vill Falsches zirkuléiert, fir datt bei déi viral net och nach eng "psychesch Pandemie" derbäi kënnt.

Hien hätt scho vill Feedback kritt vu Leit, déi dat maachen a gesot hunn: "Ech fannen dat gutt, well ech war zanter e puer Deeg manner a Suerg". Déi Leit hätte sech op wesentlech Saache kënne konzentréieren a kéinten och erëm eppes genéissen. Esou kéint een der psychescher Pandemie entgéint trieden, seet de Psycholog.

Hëllef iwwer Video

D'Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie (SLP) weist an engem Communiqué drop hin, datt vill vun hiren 380 Memberen (Psychologen a Psychotherapeuten) Téléconsultatiounen ubidden. Leit, déi an där ablécklecher Situatioun wéinst de villen Onsécherheeten ënner Angschtzoustänn géife leiden, kéinten um Internetsite slp.lu no Professionelle sichen, déi hinnen hëllefe kënnen.

Leit, déi an enger psychescher Detresse wieren, missten do just uruffen an et wier dann eng Téléconsultatioun mat Video méiglech:

"Psychologe kënnen Iech empfänken, Iech berouegen, Iech Rotschléi ginn, Iech esou huele wéi Dir sidd, Iech e Raum ginn, wou Dir Iech kënnt opmaachen, an Iech och weisen, datt et Solutioune ginn."

Sech op déi elementar Wäerter beruffen

No der Corona-Kris wäert d'Welt eng aner sinn, wéi se viru Corona war: där Iwwerzeegung ass de Psycholog Marc Stein. D'Joer 2020 wäert senger Meenung no eng Zäsur an der Geschicht vun der Mënschheet mat sech bréngen, "ech hoffen zum Deel besser".

"Wa mer elo schonn iwwer d'Zukunft schwätzen, ass dat fir verschidde Leit schwéier, well si soen: "Mir geet et am Moment net gutt." Mee ech denken, datt vill Leit sech wäerten - oder ech hoffen dat ... - erëm op déi elementar Wäerter beruffen, déi een eigentlech a sengem Liewe brauch. A vläicht och verstoen, datt mer am Fong vill ze vill iwwer eise Moyene gelieft hunn."

De Marc Stein hofft, datt ee sech bewosst géif ginn, datt mer op engem Planéit liewen, deen "inhospitalier" ginn ass, "wou eist Ëmfeld op eemol ufänkt ongemittlech ze ginn", esou de Psycholog.

"An ech maachen elo mol einfach eng Parallel: Mir héiere scho zanter laangem vun de Fachleit, datt wa mer esou weiderfuere mat eisem Konsum an 20, 30, 40 Joer duerch den Temperatur-Ënnerscheed ganz grouss Klima-Kataclysme kommen. Hei ass vläicht esou e bëssen e Virgeschmaach. A vläicht kënne mer alleguerte realiséieren, datt mer vläicht wierklech mussen ophale mat deem Konsumverhalen a vläicht vill méi eis Ëmwelt respektéieren. Well duerno ass et vläicht wierklech ze spéit."