Radioen

On air

One World  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Serge Fischer: "Et ass schwéier genuch Personal ze fannen"

Ee Mount virun der Wäilies op der Musel

Serge Fischer: "Et ass schwéier genuch Personal ze fannen"

D'Drauwelies ass e wichtegen Ament op der Musel. "Aktuell gesäit et gutt aus mam Wuesstum vun den Drauwen", seet de Serge Fischer vum Institut Viti-Vinicole. Bis d'Lies de 15. September ufänkt gëtt op dréchent Wierder gehofft. An et ginn nach ëmmer Leit gesicht, déi prett sinn, déi dräi Woche beim Wënzer ze schaffen.

auto_stories

1 min

headphones

3 min

play_arrow

"Wann an der Vergaangenheet vill Leit aus Polen oder Rumänien am Hierscht op d'Musel komm sinn, dann huet den Interessi an Tëschenzäit ofgeholl", seet de Serge Fischer vum Institut Viti-Vinicole. De wäite Wee op Lëtzebuerg géif sech fir vill vun hinnen net méi lounen. D'Wënzer setzen also op Leit aus der Regioun an op Famill oder Kolleegen, déi eng Hand mat upaken. "Et ass wierklech en Challenge a verschidde Betriber kréie Problemer genuch Leit ze fannen", esou de Serge Fischer. Iwwert en Jobdag gëtt mat der ADEM probéiert Chômeure fir déi Aarbecht ze vermëttelen.

Eng Léisung fir de Personalmanktem ass déi maschinell Lies, déi ass awer net iwwerall méiglech. Fir Cremant däerf net dorop zréckgegraff ginn an och fir Wäi vu gudder Qualitéit kënnt se net a Fro. A fir méi steil Wéngerten ass et souwisou keng Optioun.

"Mir brauche Sonn!"

"Et gesäit aktuell zimmlech gutt an de Wéngerten aus", constatéiert de Serge Fischer. Den nächste Mount hofft een op d'Sonn a wéineg Reen. Duerch d'Waasser ginn d'Drauwen auserneen an zerquëtsche sech. Dat kann zu Fäulnis féieren.

Aktuell kann de Wënzer net méi vill maachen. "Déi Meescht sinn an d'Vakanz gefuer", seet de Serge Fischer "a waarden einfach, datt et lass geet!"