Radioen

On air

Tockcity  |  High Vis - Guided Tour

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Et ass onmoralesch wat d'Banke maachen"

ULC iergert sech iwwert héich Zënsen

"Et ass onmoralesch wat d'Banke maachen"

Eng ganz Partie Leit keimt ënnert de rezenten Zënserhéijungen. Virun allem d'Immobiliëprête si méi deier ginn. Dat hätt deelweis dramatesch Auswierkunge fir de Client, seet d'ULC. De Konsumenteschutz appelléiert un d'Banken d'Fraise fir de Client ze reduzéieren an transparent ze spillen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'ULC iergert sech iwwert d'Banken an hir aktuell Zënspolitik. D'EZB hätt d'Zënsen ëm 0,5 Prozent erhéicht, d'Banke géifen direkt méi héich goen. D'Prête si fir verschidde Leit de Mount vill méi deier ginn. "An dat betrëfft net nëmmen de Client u sech", seet den Nico Hoffmann, President vun der ULC.

"Wann een op emol de Prêt net méi bezuele kann, dann huet dat och eng Auswierkung op de jeeweilege Wirtschaftssecteur, zum Beispill op dee vum Bau. Dat ass eiser Meenung no eng onmoralesch an onsozial Politik vun de Banken"

D'ULC iergert sech, datt d'Banken eng Reduktioun vum Leetzëns ni esou séier un hir Cliente weider ginn, ewéi eng Erhéijung. An och bei de Spuerzënse wiere se manner konsequent.

Reduktioun vun den Alldagsfraisen

D'ULC wëllt doriwwer eraus, datt d'Banken elo d'Fraisen déi se un de Client weider ginn, erofsetzen, fir wéinstens deen Drock ewech ze huelen. Virun allem bei den Alldagsoperatioune sollte si en Effort maachen.

Bei der ULC géifen all Dag Leit uruffe mat der Fro, wat hir Méiglechkeete sinn, wa se duerch ze héich Zënse finanziell net méi eens ginn. Eleng am Januar hätt d'ULC 100 Dossiere méi gehat, wéi d'Joer virdrun, ënnersträicht den Nico Hoffmann.