Radioen

On air

Notturno  |  Jana Horn - After All This Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Esou Saache muss ee kënnen erdroen"

Ben Fayot

"Esou Saache muss ee kënnen erdroen"

Hie géif et positiv fannen, "wa jonk Leit, och ouni e fäerdege Programm virzeleeën, de Wonsch äusseren, fir méi ze diskutéieren", sot de Ben Fayot. Partei-intern hätt déi Reflexioun scho laang misse geféiert ginn. Spéitstens no deem more Resultat vu senger Partei bei de Gemengewalen am Hierscht.

auto_stories

3 min

Déi rose Reaktioun vum designéierten LSAP-Spëtzekandidat Etienne Schneider op den oppene Bréif vun zéng méi jonke Sozialisten huet de Ben Fayot iwwerrascht: "Wann een an enger LSAP ass, muss een esou Saache kënnen erdroen", sot de laangjäregen LSAP-Deputéierten, -Europadeputéierten a -Parteipresident. Et wär en elementaart Recht vu Parteimembere fir eng Meenung auszedrécken an "absolut normal, datt esou eppes geschitt - och wann d'Leit un der Parteispëtzt dat net ëmmer gär hunn".

Méi intern Diskussioun: Eng "schwiereg Geschicht"

Hie géif et positiv fannen "wa jonk Leit, och ouni e fäerdege Programm virzeleeën, de Wonsch äusseren, fir méi ze diskutéieren", sot de Ben Fayot. D'Suggestioune vun den Auteure vum oppene Bréif, géifen och an déi richteg Richtung goen. Déi Partei-intern Reflexioun hätt u sech scho laang misse geféiert ginn - spéitstens no deem more Resultat vu senger Partei bei de Gemengewahlen am Hierscht, sou de Ben Fayot. Mä dat wär ni richteg opgeschafft ginn. "Wann d'Partei an der Regierung vertrueden ass, kënnt déi intern Diskussioun dacks ze kuerz". Dat hätt hie selwer während senger Zäit als Parteipresident (1985-1997) gemierkt. Dorun eppes wëllen ze änneren, wär "eng schwiereg Geschicht".

Am Hibléck op déi nächst Wahle réit de Ben Fayot de Koalitiounsparteien, dat wat si zesummen erreecht hunn, "gutt ze verkafen". Doniewent misst all eenzel Partei de Wieler dann e méiglechst komplette Katalog mat hiren Iddie fir d'Zukunft proposéieren. E gemeinsame Programm, an deem déi verschidde Parteien hir Eegenheet quasi géifen opginn, wär keng Léisung, sot de Ben Fayot als Reaktioun op de Virstouss vum Etienne Schneider, dee jo eng Zort Lëtzebuerger En Marche !-Beweegung an d'Gespréich bruecht hat.

"Keng Fatalitéit, datt d'CSV an déi nächst Regierung kënnt."

Och wann d'Sondagen am Moment eng kloer Sprooch schwätzen, gesäit de Ben Fayot "keng Fatalitéit, datt d'CSV an déi nächst Regierung kënnt." Et wär egal wéi gutt gewiescht - "demokratesch, net parteipolitesch" -, datt d'CSV fir eng Legislaturperiod an der Oppositioun war: "Alternance ass wichteg an enger Demokratie!" Ob dat awer duergaangen ass, fir hir iwwert Joerzéngte gewuess dominant Positioun ze schwächen, bezweiwelt de laangjäregen LSAP-Politiker.

Hie gleeft och net, datt Lëtzebuerg bei den nächste Wahlen en ähnleche Rietsruck kéint erliewen, wéi dat an anere Länner de Fall wier. "Ech hunn net den Androck, datt mir zu Lëtzebuerg eng grouss, staark euroskeptesch politesch Beweegung hunn", sot de Ben Fayot.

Am Interview mam Ben Fayot am Kader vun der Emissioun Riicht eraus goung och Rieds iwwer säi politesche Wee a seng Carrière mat hiren Héichten an eenzelen Enttäuschungen. Am Juni zejoert krut de Ben Fayot 80 Joer. Hien hat sech 2013 aus der aktiver Politik zréckgezunn.