Radioen

On air

De Moien  |  Pour les jeunes brésiliens, le retour aux études est semé d’embûches

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esou kënnt d'Ukrain u Waffen an anert Krichsmaterial

Privat Initiativ

Esou kënnt d'Ukrain u Waffen an anert Krichsmaterial

D'Ukrain wëllt schwéier Waffen, dat seet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ëmmer nees. Ouni méi Waffenliwwerunge kann d'Land sech net géint d'Muecht vum russesche Géigner verteidegen, dat ass de Refrain vu Kiew. Vill NATO-Länner hu jo scho Waffen a Material geschéckt. E Rakéitenofwiersystem ass vun der Slowakei geliwwert ginn, zum Beispill, mee méi Ekipement gëtt gebraucht. Vill Versprieche vun NATO-Länner an aneren Natioune gëtt et, mee bis datt nei Waffen et an d'Ukrain, an d'Hänn vun den Zaldoten packen, vergeet vill Zäit.

auto_stories

3 min

Vill Ukrainesch Zaldote ginn ouni dat néidegt Material an de Krich geschéckt. Et feelt un Helmer, u schossséchere Westen, u Waffen, esouguer u Matratze fir drop ze schlofen. Eng schlecht virbereet Arméi? Net onbedéngt, just eng déi vun engem Moment op deen aneren huet misse wuessen, wéinst der russescher Invasioun virun där zwar gewarnt gouf mee déi trotzdeem dëst Land iwwerrascht huet. Den Taras Chmut ass ee vun de wichtegste Leit an dësem Krich, dat ass net iwwerdriwwen. Hien hëlleft d'Material bei d'Zaldoten ze kréien.

"Et gëtt elo dräi Mol méi Zaldoten a Poliziste wéi virum Krich. Wat d'Regierung hinne ka ginn ass net genuch. Si brauche Material fir ze kämpfen, Kommunikatiouns-Mëttel, Dronen, Munitioun, Waffen. Dat ka mat der Hëllef vu Volontairen an der ukrainescher Gesellschaft gemaach gi, a mir kennen et méi séier an och méi bëlleg maachen. En plus wësse mir genee wiem mir hëllefen."

Den Taras Chmut ass den Direkter vun der Come Back Alive Foundation. Et ass eng Fondatioun déi der Arméi an der Police hëlleft. Si bréngen hinnen d'Material dat si brauchen. Dat heescht si sammelen d'Suen, si kafen d'Material am Ausland an, an distribuéiere dat alles dann un d'Zaldoten um Terrain.

Fréier war hie selwer Zaldot, am Krich am Donbas deen 2014 tëscht der Ukrain a pro-russesche Separatisten ugefaangen huet. Genee do wou Russland elo probéiert ëmmer méi grouss Deeler vun där Regioun am Osten ënnert seng Kontroll ze kréien.

Schwéier Waffe kéinten dëse Krich entscheeden

Den Taras Chmut sammelt also Done vun eenzele Leit, vu Firmaen, aus der Ukrain an aus dem Ausland. Alles ganz legal mee net ouni Kriticken. An den USA gouf de Site gespaart dee benotzt gouf fir Donen ze sammelen. Patreon heescht deen, CNBC seet datt déi Start-Up d'Suen un d'Leit déi gespent hunn zeréck ginn huet. Patreon sot datt hire Site net fir militärescht Material benotzt ka ginn. Dem Taras Chmut seng Fondatioun hat honnert Dausenden Dollar gespent kritt, um Ufank vun der russescher Invasioun.

Wärend där Zäit hunn och vill westlech Regierunge weider Liwwerunge vu Waffen a Material versprach.

"Mir kréien effektiv vill Hëllef aus dem Westen, mee et ka laang dauere wéinst Formalitéiten a Bürokratie. Méint oder esouguer Jore kann et daueren, mee mir mussen eiser Arméi méi séier hëllefen. Mir kënnen et an Deeg oder Woche maachen. A mir kënnen och kafe wat mir wëllen."

Mee et sinn déi schwéier Waffen déi dëse Krich entscheede kënnen. Russland huet et nach net gepackt den Himmel iwwer der Ukrain ze kontrolléieren, ebe grad wéinst den Ofwier-Systemer déi vun anere Länner u Kiew geschéckt goufen. Am Léifste wéilt d'Ukrain jo eng sougenannt "no-fly zone", mee déi misst vun der NATO organiséiert ginn. Eng Optioun déi d'NATO refuséiert. Den ukrainesche President Volodymyr Zelensky seet datt seng Arméi gewisen huet datt si kämpfe kann, an dofir méi Waffen-Liwwerunge verdéngt huet.