Och an anere Gemengen hunn déi gréng, deels massiv, u Stëmme verluer. Dat wier natierlech eng Tendenz, mat där hie sech net kéint zefridde ginn, sot op eis Nofro de Meris Sehovic, ee vu véier Spëtzekandidate vun déi gréng zu Esch a Co-Parteipresident.
Et wier definitiv nach ze fréi fir national Trenden erauszeliesen. Elo misst een déi néideg Analyse maachen.
"Déifferdeng ass natierlech ee Resultat, dat eis beonrouegt a wat - dat wëll ech ganz kloer soen - d'Resultat ass vun hausgemaache Feeler. Mir mussen elo kucken, wéi eng Léiere mir aus där dote Situatioun zéien an e gewëssen Neiufank no vir lancéieren."
ADR net an de Koalitiounsgespréicher
De Bernard Schmit vun der ADR geet net dervun aus, an e Koalitiounsgespréich agelueden ze ginn. Hie seet, datt seng Partei dofir an d'Oppositioun wäert goen a Saache "mam Numm" benennen, och "schroff, wann et muss sinn".