Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Es tut mir wirklich im Herzen leid"

Chronik

"Es tut mir wirklich im Herzen leid"

Ongewinnt emotional huet sech déi däitsch Bundeskanzlerin e Mëttwoch bei enger Ried am Bundestag presentéiert. Grad elo virun de Feierdeeg wëllt d'Angela Merkel all Regëster zéien, fir d'Corona-Infektiounen ze bremsen. An den däitsche Medie gouf hiren Optrëtt als Akt vun der Verzweiwlung duergestallt, dobäi huet d'Krisemanagerin Merkel am decisive Moment op dee richtegen Toun gesat, mengt eise Korrespondent Max Tholl.

auto_stories

4 min

Rar si se, déi Momenter, an deene sech d'Angela Merkel emotional oder ganz perséinlech presentéiert. Villméi ass déi däitsch Kanzlerin fir hiren onopgereegte Politikstil bekannt a beléift.

E Mëttwoch allerdéngs huet d'Angela Merkel eng emouvant Ried am Bundestag gehalen, bei där d'Emotioune vun der Kanzlerin an de Fokus geréckelt sinn.

Eigentlech stoung de Budgetsplang fir d'nächst Joer op der Agenda, mee um Schluss vun hirer Ried huet d'Kanzlerin nach eemol d'Parlament an dat däitscht Vollek adresséiert, well een an der Pandemie elo no ville schwéiere Méint an der "decisiver Phase" ukomm wier. Déi aktuell Restriktiounen, esou d'Kanzlerin, géifen awer leider net duergoen:

"Die Konklusion heißt einfach: die Zahl der Kontakte ist zu hoch, die Reduktion der Kontakte ist nicht ausreichend."

Grad op deem Dag gouf et an Däitschland en traurege Rekord: 590 Stierffäll wéinst dem Coronavirus goufe registréiert. Och d'Zuele vun den Neiinfektiounen an de Leit op den Intensivstatioune gi weiderhin an d'Luucht.

Grad elo virun de Feierdeeg, fir déi e puer Restriktioune solle gelackert ginn, an déi domadder e grousse Risiko duerstellen, huet et scheinbar méi gebraucht wéi déi üblech an dacks e bëssen zeréckhalend Wierder vun der Kanzlerin.

D'Angela Merkel geet an d'Offensiv

Méintelaang huet si géint de Widderstand vun verschiddene Bundeslänner an engem Deel vun der Populatioun fir méi strikt Restriktioune gekämpft. E Mëttwoch ass si an d'Offensiv gaangen an huet d'Fuerderung vun der Wëssenschaftsakademie Leopoldina no engem méi strikte Lockdown spéitstens no Chrëschtdag a méi laange Schoulvakanzen als quasi alternativlos presentéiert.

"Es tut mir leid, es tut mir wirklich im Herzen leid, aber wenn wir dafür den Preis zahlen, dass wir Todeszahlen am Tag von 590 Menschen haben, dann ist das nicht akzeptabel. Und deshalb müssen wir da handeln."

"Und wenn die Wissenschaft uns geradezu anfleht vor Weihnachten, bevor man die Großeltern und ältere Menschen sieht, eine Woche der Kontaktreduzierung zu ermöglichen, dann sollten wir vielleicht nachdenken, ob wir nicht doch irgendeinen Weg finden die Ferien nicht erst am 19. beginnen zu lassen, sondern vielleicht schon am 16. Was wird man denn im Rückblick auf ein Jahrhundertereignis sagen, wenn wir nicht in der Lage waren, für diese drei Tage noch irgendeine Lösung zu finden?"

"Sie drängt, sie fleht - fast schon verzweifelt" huet de Berliner Tagesspiegel der Angela Merkel hir Ried kommentéiert. Et war effektiv een Optrëtt, wei een e seele vun der Kanzlerin erlieft huet. Finanzkris, Eurokris, Klimakris, Flüchtlingskris - an hire 15 Joer Amtszäit huet si sech ëmmer nees missen als stabiliséierend Krisemanagerin beweisen.

Mat Empathie op d'Erausfuerderunge reagéieren

Och dës Pandemie, déi elo am leschte Joer vun hirer Kanzlerschaft alles an de Schied stellt, ass hei keng Ausnam. An esou Schicksalsmomenter versteet d'Angela Merkel et och, de Mënsch hanner der Muechtfigur an de Fokus ze stellen a mat Empathie op d'Erausfuerderungen ze reagéieren.

2015 an der Migratiounsfro war dat een zouversiichtlecht "Wir schaffen das", um Mëttwoch war et ee verständnisvollt "Es tut mir wirklich im Herzen leid".

Aus hirer Leidenschaft hätt een och e Stéck wäit d'Verzweiwlung eraushéieren, sot de Politolog Albrecht von Lucke am Deutschlandfunk. Dat maach sinn, mee et ass sécherlech eng Stäerkt vun der "ewigen Kanzlerin" an esou decisive Momenter op Mënschlechkeet ze setzen, amplaz op politesch Euphemismen a Plattitüden.