An enger Rei Avisen - dorënner dee vum Staatsrot - gouf kritiséiert, datt aus dem neien Text vum Educatiounsministère keng kloer Argumentatioun géing ervirgoen déi eng Verlängerung vun der Schoulflicht géing justifiéieren.
Erklärunge vum Educatiounsministère
Den Educatiounsministère sengersäits fënnt dass et eigentlech evident wier dass ee Jonken dee mat 16, 17 Joer, ouni Ofschloss, de Wee aus der Schoul géing sichen, eigentlech just de Wee an d'Perspektivlosegkeet géing wielen. Dozou de Lex Folscheid, Chef de Cabinet beim Éducatiounsministère:
"Wann een haut eppes wëll maache fir d'sozial Gerechtegkeet, wann een eppes well maache virun allem fir Jonker aus sozio-ekonomesch méi schwaach gestalte Famillen déi hei betraff sinn, dann ass d 'Eropsetze vun der Schoulflicht op 18 Joer ass esou eng Mesure. Eng Mesure déi wichteg ass fir deenen dote Jonken Zukunftsperspektiven a Bildungschancen ze ginn."
Staatsrot: Eropsetze vu Schoulflicht geet net duer
A sengem Avis kritiséiert de Staatsrot allerdéngs, datt et u kloren Zilsetzungen a Konzepter am Gesetzestext géing feele fir géingt de Decrochage scolaire virzegoen. Mam Eropsetze vun der Schoulflicht ëm zwee Joer géing et eleng net duergoen, schreift de Staatsrot. Dat gesäit de Lex Folscheid vum Ministère anescht:
"Dat ass elo net deen Text an deem mir elo nach eng Kéier eis pedagogesch Konzepter op den Dësch leeë wéi mir mat deenen dote Jonke wëlle schaffen. Dat brauch net iwwer dat hei Gesetz gereegelt ze ginn. An dowéinst steet et och net an deem Gesetz hei dran. Mee dat heescht net dass mer keng Konzepter hunn."
Et kéint net een Antibiotique gi fir alleguerten d'Problemer, et misst een differenzéiert op d'Situatioune vun deene Jonken agoen, mengt de Chef de Cabinet vum Educatiounsministère.
An de Konzepter "een Tick méi präzis ginn"
Eng weider Kritik vum Staatsrot: eng Partie Formulatiounen am neien Text géingen zu juristeschen Onsécherheete féieren a wieren deels net verfassungskonform. Dozou de Lex Folscheid:
"Dat sinn absolut pertinent Remarken, déi de Staatsrot do erhuewen huet, sou datt lo mol aus der Analys vum Ministère eraus et esou ass, datt ee misst deene Recommandatioune vum Staatsrot nokommen fir d'Terminologien ze schäerfen. Och an de Konzepter nach eng Kéier en Tick méi präzis ze ginn, mee dat sinn awer keng oniwwerbréckbar Hürden."
Aktuell géing den Educatiounsministère Propositioune fir Amendementer ausschaffen, déi een zesumme wéilt mat der Chamberkommissioun diskutéieren, seet de Lex Folscheid. Den Educatiounsministère hofft, datt d'Gesetz nach an dëser Legislaturperiod ka gestëmmt ginn.