Universitéit Lëtzebuerg Erica Monfardini gëtt nei Directrice administrative

Déi rezent Budgetsproblemer vun der Uni Lëtzebuerg hätten eng Roll bei der Personal-Entscheedung gespillt, seet den Interims-Rektor Ludwig Neyses. Et wier awer net deen eenzege Grond. Wéi eng konkret Spuermoossname vun der Uni Lëtzebuerg an Zukunft geplangt sinn, konnt de Ludwig Neyses iwwerdeems net soen.

Pit Walté / fk

Unilu-2.JPG

D’Erica Monfardini gëtt nei Directrice administrative vun der Universitéit Lëtzebuerg. Vum éischte Juni un iwwerhëlt si de Poste vum Alfred Funk. Dat geet aus engem interne Schreiwe un d’Uni-Personal ervir. Den administrativen Direkter ass ënner anerem och fir d’Finanze vun der Universitéit responsabel. Déi rezent Budgetsproblemer vun der Uni hätten eng Roll bei dëser Personal-Entscheedung gespillt, sot den Interims-Rektor vun der Uni Ludwig Neyses dem radio 100,7.

"Et ass awer net dat eenzegt Element. Wann dir méi genau Informatioune wësse wëllt, da musst dir déi eenzel Leit froen. An dësem Fall den Här Funk selwer. Hien eleng ka seng Motiver duerleeën."

Wéi eng Spuermoosname?

Wéi eng konkret Spuermoossname vun der Uni Lëtzebuerg an Zukunft geplangt sinn, konnt de Ludwig Neyses net soen. Et géif een intern ëmmer nach diskutéieren, wou ee spuere kéint. Den Interims-Rektor rechent domadder, datt de Prozess nach e puer Méint kéint daueren. Gréisser Spuermoossname missten awer sou wéi sou nach virdru vum Conseil de Gouvernance geneemegt ginn.

Méi zum Thema

Frédéric Krier.JPG
Uni Lëtzebuerg

D’Uni Lëtzebuerg steet net virun der Faillite an d'Spuerpläng vu McKinsey sinn iwwerdriwwen, seet de Frédéric Krier vum OGBL. D’Gewerkschaft wënscht sech e neie Recteur aus de Reien vun der Uni.

Uni Lëtzebuerg
Uni Lëtzebuerg

Eng Rekrutementskommissioun ouni Regierungsvertrieder ass beoptraagt, fir en neie Recteur ze fannen. D'Gestioun vum Budget soll Deel vum Dagesgeschäft a méi transparent ginn.

Ludwig Neyses
Uni Lëtzebuerg

Fir den neien Interims-Recteur sinn d'Budgetsproblemer vun der Uni op eng "Management-Kris" zréck ze féieren. Et wieren organisatoresch a personell Konsequenze gezu ginn, esou de Ludwig Neyses.

Rainer Klump
Rainer Klump

De Chaos ronderëm d’Opstelle vun de Joresbudgete vun der Uni Lëtzebuerg kritt Konsequenzen. De Rainer Klump, Recteur vun der Uni Lëtzebuerg zënter 2015, huet säi Récktrëtt annoncéiert.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen