Fondation Cancer Erfolleg fir virtuelle "Relais pour la vie"

Trotz Pandemie huet d'Fondation Cancer 400 Ekippen an 10.000 Participante motivéiert fir de virtuelle Relais pour la vie. Mee d'Pandemie huet souwuel een Impakt a punkto Benevolat, ewéi och a punkto Preventioun, seet d'Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer.

Carole Schimmer / cbi

Lucienne Thommes
D'Lucienne Thommes ass Direktesch vun der Fondation Cancer. Foto: Archiv

De ganzen Interview lauschteren


Déi 400 Ekippen, déi sech fir de Relais pour la vie ageschriwwen hunn, wieren de Beweis, datt d'Leit, trotz de Schwieregkeeten, hir Solidaritéit mat de Kriibspatiente weisen. An dach wier et fir vill Ekippe schwiereg, fir zum Beispill beim Trophée de l'espoir, genuch Suen ze sammelen, bedauert d'Direktesch vun der Fondation Cancer.

"Et ass nämlech vill méi schwéier Suen ze sammele mat Kuch baken oder aner Aktivitéiten, déi net kënne stattfannen. Mee ech menge schonn, datt d'Generositéit vun eisen Ekippen um Rendez-vous ass."

Permanente Lockdown fir Kriibspatienten

De Confinement ass allgemenge schwiereg, mee virun allem och fir Kriibspatienten. Hire Lockdown wier permanent, ënnersträicht d'Lucienne Thommes.

"Si kréien ëmmer erëm gesot si missten sech schütze, well se vulnerabel Persoune sinn. Si fillen sech dobäi extrem isoléiert, hunn Angscht, wat och nëmme verständlech ass."

Téléconsultatioun ass gefrot

Psychoonkologen déi bei der Fondation Cancer Consultatiounen ubidden, hunn dat lescht Joer vill méi Uriff kritt ewéi virun der Pandemie, preziséiert d'Lucienne Thommes.

"Ons Psychoonkologen, déi Consultatiounen ubidden, krute vill Ufroen, an dat och vu Patienten, déi scho méi laang eng Diagnos haten. Mir hunn eis doropshin ugepasst, andeems mer och Téléconsultatiounen agefouert hunn, fir de Leit d'Méiglechkeet ze ginn iwwer Internet oder iwwer Telefon sech bei eis ze mellen, fir do gehollef ze kréien."

Benevoller dierfen net an den Asaz

Praktesch all Aktivitéite vun de Benevolle sinn an d'Waasser gefall. Doriwwer weist sech d'Lucienne Thommes ganz traureg.

"Wou et eis am meeschte wéi deet, dat sinn déi Benevollen, déi an de Klinicke present sinn. Evidenterweis hunn d'Spideeler de Benevolat annuléiert. Am Ufank hunn d'Patienten dierfen ee vun der Famill gesinn, do ass d'Famill virun de Benevolle prioritär. Mee d'Spideeler selwer soen, datt déi Aarbecht hinne feelt. Mir sinn am gaange mat verschidde Spideeler ze kucken, wéi mer et kéinten organiséieren."

Preventioun an Depistage koumen ze kuerz

Normalerweis lancéiert d'Fondation Cancer Preventiounscampagnen an de Schoulen, wou mat de Schüler zesummen iwwer d'Gefore vum Tubak oder vum Alkohol an iwwer d'Gesond Iessen diskutéiert gëtt. Wéinst dem Coronavirus war dat net méiglech, bedauert d'Lucienne Thommes.

"Aktivitéiten ewéi eis Missioun Nichtraucher, wou mer déi Jonk an de Schoule sensibiliséieren, dat konnte mer dëst Joer net maachen. Mee och den Depistage ass méi kuerz komm, ewéi bei de Mammographien déi ausgesat goufen. Do ass e gewëssene Retard, deen elo soll nees opgeholl ginn. Da gëtt och allgemeng gesot datt d'Läit wärend dem Lockdown villäicht u Gewiicht bäigeholl hunn oder méi gefëmmt hunn a méi Alkohol gedronk hunn. Och do ass et an Zäite vu Pandemie schwiereg fir deem entgéintzewierken."

Méi zum Thema

Weltkriibsdag, de 4. Februar
Nationale Rapport

Kriibserkrankunge sinn hei am Land ëmmer nach déi éischt Doudesursaach bei Männer an déi zweet bei Fraen. Lëtzebuerg huet elo fir d'éischte Kéier en nationale Kriibsrapport presentéiert.

Zigarett
EU-AKTIOUNSPLANG GÉINT KRIIBS

Den europäeschen Aktiounsplang géint Kriibs soll ënner anerem dofir suergen, datt manner gefëmmt gëtt. Fir Lëtzebuerg relevant: d'Reegele fir d'Besteierung vum Tubak sollen op de Leescht geholl ginn.

Marc Diederich
Am Gespréich

De Marc Diederich ass Professer an der Biochimie, an dirigéiert de Laboratoire de Biologie Moléculaire et Cellulaire du Cancer um Kierchbierg. An dësem Labo gëtt haaptsächlech iwwer Leukemie an Neuroblastom gefuerscht.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen