Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Entschëllegung a Kritik u Youth For Climate

Klimadebatt

Entschëllegung a Kritik u Youth For Climate

Et géif der Piratepartei leed doen, datt si den Optrëtt vun hirem Kandidat fir d'Europawahlen, bei der Maniff fir de Klimaschutz, um Internetsite vun der Partei gepost huet. Dat seet den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement.

auto_stories

2 min

Sven Clement

De Sven Clement betount awer och, datt d'Organisateure vun der Maniff virum Christian Welter senger Ried Bescheed gewosst hätten, wien hie wier. Hien hätt sech och un d'Oplo gehalen, fir a senger Ried net fir seng Partei Reklamm ze maachen. Donieft wier d'Piratepartei virun der Maniff fir de Klimaschutz gefrot gi fir Suen ze spenden.

Zweeërlee Mooss?

De Sven Clement kritiséiert, datt "mir virun der Maniff anscheinend gutt genuch ware fir en Don sollicitéiert ze ginn. Datt awer no der Maniff kritiséiert gëtt, datt e Kandidat, deen net a Parteifaarwe war, dee kee Logo op senge Kleeder hat, wou d'Organisateure woussten, datt hie parteipolitesch engagéiert ass, datt déi da kritiséiert gëtt."

Dem Sven Clement no wier an där Affär mat der Piratepartei eng Partei erausgepléckt ginn. Minister, Deputéiert a Politiker vun anere Parteien hätten nämlech op hire private Facebook-Säiten hir Participatioun bei der Maniff, mat Fändelen an an de Parteifaarwen, op Facebook gepost.

Am Wahlprogramm vun der Piratepartei kënnt d'Wuert Klima just zweemol vir. D'Piratepartei hätt d'Thema Klimawandel awer net vergiess a géif sech iwwerdeems och fir de Prinzip vum Pollueur-payeur ausschwätzen.

Zesummenaarbecht vu Piratepartei a PiD no Europawahlen en Thema

D'Piratepartei hat fir d'Chamberwahlen eng gemeinsam Lëscht mat der PiD, der Partei fir integral Demokratie. E Member vun der PiD kandidéiert och op der Lëscht vun der Piratepartei vun den Europawahlen. D'Fusioun vu béide Parteie wier eng méiglech Pist, déi och vun de perséinleche Resultater bei den Europawahle géif ofhänken an "dat hänkt och dovunner of, wien iwwerhaapt motivéiert ass, op wéi eng Pist weiderzegoen", sou de Sven Clement.