Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Trappers - Sound Of Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Entrevue tëscht Santé an ASBL Gebuertshaus: Konstruktiv Gespréicher

Gebuerten

Entrevue tëscht Santé an ASBL Gebuertshaus: Konstruktiv Gespréicher

D'ASBL Gebuertshaus hat eng éischt Entrevue mat der Gesondheetsministesch iwwer Gebuertshaiser. Et wier een Austausch op Aenhéicht gewiescht an de Sujet wier vun der Santé eescht geholl ginn. Elo géif een d'Propositiounen ofwaarden.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Mvelishchuk

Lauschterenplay_arrow


D'Gespréich wier positiv gewiescht an de Gesondheetsministère hätt sech am Virfeld preparéiert, erkläert d'Anne Metzler, Matgrënnerin vun der ASBL Gebuertshaus.

Bis ewell géif et nach guer keng gesetzlech Basis fir Gebuertshaiser ginn, esou déi jonk Psychotherapeutin. Dat misst sech änneren.

D'ASBL wënscht sech eng Reegelung an een Discours iwwer Gebuertshaiser. Doduerch erhofft ee sech Unerkennung a Legitimitéit.

"Dat ass ganz wichteg, esouwuel fir d'Hiewannen, wéi och fir d'Fraen", esou d'Anne Metzler.

Sech ee Bild vum Terrain maachen

D'Diskussioun wier konstruktiv gewiescht, heescht et och aus dem Gesondheetsministère. Deemno géif ee bei der Santé weider um Theema schaffen an och Gespréicher mat concernéierte Partner, wéi beispillsweis Gynekologen a Spideeler sichen, heescht et op eis Nofro hin.

Momentan hätt d'Santé awer nach keng definitiv Positioun zu de Gebuertshaiser.

Eng nächst Reunioun tëschent dem Gesondheetsministère an der ASBL Gebuertshaus wier awer an Aussiicht gestallt ginn, seet d'Anne Metzler vun der ASBL.

Si wënscht sech, datt déi Verantwortlech am Ministère sech ee Bild vum Terrain maachen a sech och Statistiken ukucken.

D'ASBL war rezent och bei verschidde Parteie fir eng Entrevue. Och hei wier ee ganz oppen empfaange ginn. Bis zum Schluss vum Summer wëllt d'ASBL all d'Parteie gesinn hunn.


Dësen Artikel gouf eng éischte Kéier de 25. Juli 2022 publizéiert. Opgrond vun enger Reaktioun vun der Presidentin vun der Hiewannevereenegung gouf dësen Artikel den 3. August 2022 reviséiert.