Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Entente des office sociaux fuerdert méi konsequent Sozialaarbecht

Reaktioun op REVIS

Entente des office sociaux fuerdert méi konsequent Sozialaarbecht

Nieft dem REVIS misst eng méi konsequent Sozialaarbecht geleescht ginn. Déi géif nämlech ze kuerz kommen, fënnt d'Entente des offices sociaux. Nodeems den Integratiounsminister Max Hahn den Evaluatiounsrapport vum REVIS virgestallt huet, huet de Secteur vun de Sozialaarbechter eng Rei Verbesserungsvirschléi.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Eng Persoun, déi eng Demande erareecht, fir de REVIS ze kréien, sollt fir d'éischt kënnen ee Gespréich mat engem ausgebilte Sozialaarbechter féieren, fuerdert d'Ginette Jones, Presidentin vun der Entente des offices sociaux.

Alternativ zum Sanktiounssystem

Den Ament wiere Sozialaarbechter Employéeën an den Offices Sociauxen mee hir Aarbecht géif vun enger externer Administratioun definéiert ginn. Déi Konstellatioun misst elo a Fro gestallt an diskutéiert ginn, fënnt d'Ginette Jones.

Eng konsequent Sozialaarbecht wier eng besser Alternativ zu dem aktuelle Sanktiounssystem vum REVIS. Ausserdeem wieren déi aktuell Prozeduren, fir de REVIS unzefroen, nach ze komplizéiert. Dofir misst den Informatiounszougang däitlech vereinfacht ginn.

REVIS an den Offices Sociauxen ufroen

Weider misst ee sech méi d'Fro stellen, wou d'Sozialaarbecht am REVIS verankert gëtt. Fir d'Ginette Jones wier et eng Méiglechkeet, datt de REVIS och an den Offices Sociauxen ugefrot gëtt. Op déi Manéier kéint d'Expertise, déi d'Sozialaarbechter hunn, besser agebonne ginn. Fir si misst elo gekuckt ginn ob den Office Social den Expert vun der ganzer Aide Sociale gëtt.

"REVIS inclus, oder awer komme mir op deen ale Modell zeréck: den Office Sociale mécht just d'Aide Sociale an de REVIS gëtt vun der Administratioun gemaach?"

D'Entente des offices sociaux stellt nach fest, datt d'Situatioune vun den Demandeuren ëmmer méi komplex ginn. Vill verschidde Facteure géifen dozou féieren, datt een ënnert d'Aarmutsgrenz rutsche kann. Dofir bräichten déi betraffe Persounen eng méi individualiséiert a qualifizéiert Begleedung, sou nach d'Presidentin vun der Entente des Offices Sociaux Ginette Jones.