Radioen

On air

9 bis 1  |  Leon Thomas - MUTT

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ChatGPT: Enseignantë virun neien Erausfuerderungen

Educatioun

ChatGPT: Enseignantë virun neien Erausfuerderungen

Den Text Roboter ChatGPT aus den USA kritt no enger gratis Versioun elo och eng déi payant ass. Och zu Lëtzebuerg gëtt den Text-Roboter, deen am Dezember lancéiert ginn ass, ëmmer méi genotzt. D'Enseignansgewerkschaft SNE mengt ChatGPT wier just en éischte Schrëtt an déi Richtung an déi Evolutioun kréich een net opgehalen. Mat dësem Online-Tool kënnen d'Schülerinnen a Schüler ouni gréisseren Opwand hir Texter mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz quasi komplett geschriwwe kréien. Dat stellt d'Enseignante virun nei Erausfuerderungen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Outile kréich een net méi gebremst. Et misst een domat liewen a se richteg benotzen, mengt de Patrick Remakel vum SNE. Fir d'Enseignanten am Fondamental wier ChatGPT awer e bësse manner problematesch, well do éischter méi zouen Exercicë gemaach géifen.

"An ech mengen eise Rôle ass eben - sou wéi mer dat och musse maachen - net nëmmen an der Schoul Fächer enseignéieren, ma och de Gebrauch mat de Medien thematiséieren."

Wat déi Jugendlech awer méi al géife ginn, wat den Outil och méi geféierlech kéint ginn, gëtt den SNE-President ze bedenken.

Educatiounsministère wëllt Enseignantë per Newsletter informéieren

Well ChatGPT nach zimmlech nei wier, hätt ee sech bei der Enseignantsgewerkschaft nach keng Gedanke kënnen doriwwer maachen, wéi eng Konsequenzen den Outil fir d'Enseignantë wäert hunn. Dem Patrick Remakel no misst een an der ganzer Educatiounspolitik zesumme kucken, wéi een domat ëmgeet.

Wéi et aus dem Educatiounsministère heescht, soll dëse Mount nach eng Newsletter un d'Léierpersonal erausgoen, déi iwwer den Ëmgang mat ChatGPT soll informéieren.