Ween des Formatioune mécht, kéint duerno ganz einfach, vill Suen um Finanzmarché verdéngen, esou d'Versprieche vun der IM Mastery Academy. D'Police, d'CSSF an den Educatiounsministère hunn an Tëschenzäit eng Warnung eraus ginn.
Informatiouns-Owend ouni Autorisatioun
D'IM Mastery Academy steet scho méi laang an der Kritik. Sou goufen zejoert bei engem Evenement a Spuenien eng Dose Membere vun der Organisatioun festgeholl. Zu Dubai gouf en Evenement ganz ofgesot. Zu Lëtzebuerg goufen eng Partie Membere vun der Organisatioun op engem Informatiouns-Owend um Kierchbierg vun der Police interpelléiert. Well d'Membere keng Autorisatioun virweise konnten, huet de Parquet eng Enquête an d'Weeër geleet.
Educatiounsministère huet all d'Schoulen informéiert
Wéi aus engem offizielle Schreiwes vun der Police ervirgeet, wieren och eng Partie Dokumenter saiséiert ginn. Vum Parquet heescht et op eis Nofro hin, datt een den Ament nach net méi soen kéint, well d'Enquête nach lafe géif. Wéi den Educatiounsministère matdeelt, wiere sämtlech Schoulen informéiert ginn.
Schonn Ufank Mee wieren Elteren u Bee Secure eru getrueden, well hir Kanner iwwer Social Media vun der IM Mastery Academy kontaktéiert gi wieren, seet de Jeff Kaufmann vun der Plattform fir Internet-Sécherheet.
Änlech Fäll gouf et schonn
De Phänomen vum sougenannte Multi-Level Marketing wier awer u sech net nei. Änlech Fäll hätt et schonn 2014 an 2015 zu Lëtzebuerg ginn.
"Virun allem an de Jugendhaiser, do goufen et d'Firmen, VEMMA, Jeunesse Global, déi virun allem de Rekrutement vun de Jonken och ënnert anerem an de Jugendhaiser gemaach hunn. Dat eenzegt wat eben ännert ass de Produit, deen un déi Firma oder soi-disant Firma do gekoppelt ass."
An de Fall vun der IM Mastery Academy weist : Et gëtt ee gären emol méi Suen aus, wéi een der erakritt, seet de Jeff Kauffmann.
"Et gi Chifferen aus den USA, och vun IM Mastery selwer, datt net emol ee Prozent vun de Leit, déi do derbäi sinn, méi wéi 25.000 Dollar d'Joer verdéngen. An zwee Drëttel vun alleguer de Leit, déi do ageschriwwe sinn, kréie manner wéi 500 Dollar d'Joer. An eng éischt Souscriptioun ass mengen ech 270 Dollar, an dann all Mount eng Kéier 250 Dollar. Da kann ee schnell rechnen, datt eleng dat schonn net opgeet."
"Et ass net alles Gold, wat glänzt"
Déi, déi effektiv domat géinge Sue maachen, wieren als Influencer, also als Online-Virbiller, an de soziale Medien ënnerwee, fir esou nei Abonnenten unzezéien, erkläert de Jeff Kauffmann.
"Et ass net alles Gold, wat glänzt. A si täuschen Iech och eng Realitéit vir, déi si anscheinend liewen, déi effektiv awer net déi ass."
Esou de Jeff Kaufmann vun der Plattform fir Internet-Sécherheet, Bee Secure. Wie vun der IM Mastery Academy kontaktéiert ginn ass oder Affer vun engem Online-Bedruch ginn ass, dee soll dat bei der BeeSecure-Helpline oder bei der Police mellen.