Ech treffen den Tom Schmit am Naturparkzentrum zu Esch-Sauer. Vun do aus fuere mir direkt weider an de Bësch bei ee sougenannten Eco-Counter, dee muss kontrolléiert ginn. Eng vu villen Alldagsaufgaben, ëm déi de Ranger sech këmmert.
Op Feelverhalen opmierksam maachen
Ënnerwee am Auto erzielt hien, wéi sech seng Missioun am Laf vun der Zäit entwéckelt huet. A sengem éischte Joer als Ranger huet hien haaptsächlech Informatiounen an Donnéeë ronderëm déi ekologesch Situatioun an d'Sécherheet an der ganzer Stauséi-Ëmgéigend gesammelt.
Mëttlerweil geet et méi an dat Edukatiivt: nieft dem Organiséiere vu Workshops mat Schoulklassen, geet hien ëmmer méi aktiv op Visiteuren duer a sicht d'Gespréich, wann him ee Feelverhalen opfält. Do sinn d'Reaktioune ganz ënnerschiddlech.
"An et gesäit ee ganz gutt, datt Touristen, déi méi wéi eng Nuecht hei bleiwen, also déi wierklech Vakanz hei maachen, déi si wierklech zefridden, hunn een oppent Ouer a si faszinéiert vun den Informatiounen, déi si kritt hunn. Dat kann een net grad soe vun de Leit, déi nëmme fir véier oder fënnef Stonnen op de Stau kommen. Déi sinn éischter sou: looss mech meng Saache maachen, ech maachen déi schonn zanter 20 Joer esou, et koum nach ni een eppes soen. Do sinn d'Gespréicher heiansdo e bësse méi schwiereg."
Zu den heefegste Problemer, mat deenen hie konfrontéiert gëtt, gehéieren d'onerlaabt Leeë vu Feier an d'Hannerloosse vu Knascht.
Eng grouss Offer
Ukomm op der Plage zu Léifreg erënnere mir eis un déi waarm Summerdeeg d'lescht Joer, an un de groussen Undrang um Stauséi, deen doduerch entstanen ass. Zanter deem goufen eng Rei Mesurë geholl.
"Op der Haaptstrooss gesäit een dann och ewell: et ass voll, an ech brauch net méi erof ze fueren. Dat ass fir den Trafick am Duerf vill méi kleng ze halen. An dann, wat nach gemaach gëtt, et gi Steng higeluecht fir d'Parken ze erschwéieren."
Eng aner Mesure, fir ee groussen Undrang um Stauséi ze vermeiden, ass d'Opweise vun den Alternativen zur Plage an der Ëmgéigend. Den Tom Schmit fänkt un opzezielen, wärend et ufänkt mat reenen, a mir eis zeréck an den Auto maachen.
"Net nëmmen de Stauséi, mee och hei de Waasser-Sënnes-Wee tëschent Lëlz an Eschduerf, deen och genial ass fir mat Kanner ze trëppelen, den Tempelskarm an der Bauschelter Gemeng, respektiv de Schumannseck, de Gedenk-Pfad. Einfach fir ze soen: dat heiten ass eis Offer, benotzt dat."
Dem Tom Schmit ass et am wichtegsten, datt d'Kommunikatioun tëschent de Mënschen oprecht erhale gëtt. Fir ee gutt Zesummeliewe misst jidderee Versteesdemech fir déi aner matbréngen, sou nach den eenzege Ranger zu Lëtzebuerg.