Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Alice Phoebe Lou - The World Above

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ënnerstëtzung fir de Bausecteur: 150 Milliounen Euro zousätzlech

Bausecteur

Ënnerstëtzung fir de Bausecteur: 150 Milliounen Euro zousätzlech

Fir Kuerzaarbecht a Faillitten ze vermeiden, huet d'Regierung eng Rei vu Mesuren decidéiert, déi dem Bausecteur sollen zegutt kommen. Fir d'Moossnamen auszeschaffen, hat d'Regierung viru knapp zwee Méint eng Task Force gegrënnt, mat Vertrieder vu siwe Ministèren. En Dënnsteg gouf ugekënnegt, datt zousätzlech 150 Milliounen Euro an dëse Mesurë-Pak solle fléissen.

auto_stories

3 min

Net all déi presentéiert Mesurë fir d'Ënnerstëtzung vum Bau-Secteur sinn awer nei, huet den Henri Kox op Nofro hin zouginn.

De Logementsminister huet vu cibléierte Moossname geschwat, engersäits fir kleng a mëttelgrouss Betriber, fir d'Gemengen a fir d'Stéit.

Fir an den eenzele Beräicher eng Aart Hiewelwierkung kéinten ze bewierken hätt d'Regierung nach eng Kéier zousätzlech 150 Milliounen Euro an de Grapp geholl, ënnersträicht den Henri Kox.

Finanzéierungsgesetz ass réischt bei 60 Millioune néideg

Wann de Staat an Zukunft Immobilie keeft oder Infrastrukturen a Gebaier baue léist, da soll ee Finanzéierungsgesetz eréischt vun engem globale Montant vu 60 Milliounen Euro un néideg sinn, huet de Minister Lex Delles eng vun de Mesuren erkläert.

"Mir wäerten a Concertatioun mat der Chambre de Seuil ab deem ee speziellt Finanzéierungsgesetz néideg ass fir ëffentlech Baute proposéiere vu 40 Milliounen op 60 Milliounen Euro erop ze goen. Dat ass och eng Fuerderung vun der Chambre des métiers."

Duerch d'Präisdeierecht vun deene leschte Jore wier et néideg ginn, dee Seuil no uewen unzepassen. Et wäert och bei verschiddene Projeten déi ënner 60 Millioune leien dozou bäidroe méi séier realiséiert kënnen ze ginn, erkläert de Lex Delles.

Nei ass och eng "Prime compensatoire conjoncturelle" vun 20.000 Euro fir Éischt-Keefer vun Immobilien, déi gewësse Konditioune mussen erfëllen. Explikatioune vum Logementsminister Henri Kox.

"Do gi mir zäitbegrenzt, well mir wëllen ee Booster hunn, bis Enn 2024, Dezember 24, zousätzlech 20.000 Euro zur Verfügung. Dat heescht nodeems mir de bëllegen Akt vun 20.000 op 30.000 Euro an d'Luucht gesat hunn, kënnt et deenen entgéint, cibléiert bis den décile 4, datt eng zousätzlech Prime vun 20.000 Euro kënnt, sou datt am Ganze 50.000 Euro dann zur Verfügung gestallt ginn."

Donieft wëllt de Staat seng Investissementer fir ëffentlech Bauten op engem héijen Niveau halen, a mécht deen Appell och un d'Gemengen.

Bausecteur kontra-zyklesch ënnerstëtzen

Dem Wirtschaftsminister Franz Fayot no, géif et et mat all de presentéierte Mesuren an éischter Linn dorëm goen, de Bausecteur kontra-zyklesch ze ënnerstëtzen.

"Deen elo eben an enger niddreger Konjunktur ass, nodeems en iwwer Joren a Joerzéngten ëmmer just an d'Luucht gaangen ass. Dat ass d'Haaptzilsetzung vun dësem Pak. Dofir haaptsächlech déi vulnerabelst Entreprisen hei ze ënnerstëtzen, doduerch datt se Aarbecht kréie vun de Gemengen a vum Staat an eng Rei aner Mesurë fir kënne weider ze schaffen an hir Salariéë kënnen ze behalen."

De Bau-Secteur beschäftegt ronn 55.000 Leit. Dowéinst wier et wichteg dëse Secteur ze stäipen, esou och de Mëttelstandsminister Lex Delles.