Radioen

On air

Tockcity  |  Khruangbin - A Love International

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ënnerschiddlech Reaktiounen op Knauf-Réckzuch

Steewollfabrick

Ënnerschiddlech Reaktiounen op Knauf-Réckzuch

D'Industriellefederatioun FEDIL bedauert, datt déi nei Steewollfabrick net an der Industriezon Gadderscheier tëscht Suessem an Déifferdeng gebaut gëtt, mee südlech vun Thionville. Dem FEDIL-Direkter René Winkin no wier et e schlecht Zeechen, datt et net gelonge wier, fir "eppes Neies" op Lëtzebuerg ze kréien. Déi däitsch Entreprise Knauf Insulation huet decidéiert, fir hir nei Steewollproduktioun op engem Site bei Illange a Frankräich z'installéieren.

auto_stories

3 min

110 Milliounen Euro wëllt Knauf Insulation an eng nei Steewollfabrick a Frankräich investéieren. Op engem Terrain vu ronn 15 Hektar sollen iwwer 120 Aarbechtsplazen entstoen. Déi däitsch Entreprise huet sech also géint eng Implantatioun zu Lëtzebuerg decidéiert.

Lëtzebuerg géif dëse groussen Invest elo verluer goen, seet de René Winkin, den Direkter vun der Industriellefederatioun FEDIL. Et wier een dovun auszegoen, datt Knauf profitabel geschafft hätt an och Fournisseure vun der Presenz vu Knauf hätte kënne profitéieren. D'Envergure vun der Steewollfabrick wier "keng Peanuts" par rapport zur Industrieaktivitéit zu Lëtzebuerg gewiescht.

Den Direkter vun der Industriellefederatioun seet, datt et generell gutt wier, datt d'Gemengen, de Staat an d'Gewerkschafte sech Suergen iwwer Industriebetriber maachen, mee d'Tatsaach, datt de Wirtschaftsminister mat engem Projet, wéi dësem, "komplett eleng géint de Wand steet", géif him ze bedenke ginn.

Schneider enttäuscht

De LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider mengt, datt säi Message a Saachen Industriepolitik bannent der Regierung net verstane ginn ass, an dat virun allem vun déi Gréng. Den Ëmweltministère hätt deemno mat falschen Argumenter operéiert, zum Beispill wann et ëm de Waasserverbrauch an der geplangter Jughurtsfabrick geet, oder d'Emissioune vun der Steewollfabrick. Dat wier net fair an net korrekt, sou de Wirtschaftsminister am 100,7-Interview, kuerz nodeem bekannt gouf, datt d'Firma Knauf sech elo am franséische Grenzgebitt wäert installéieren.

Kritesch ass hien och géint d'Buergermeeschteren, déi Oppositioun géint Knauf bedriwwen hunn. Dorënner ass och säi Parteikolleg Georges Engel, dee Buergermeeschter zu Suessem ass. Si wieren ëmmer bei hie gepilgert komm fir hir Ekonomien z'entwéckelen, an elo wou eng Firma 100 Milliounen Euro do wollt investéieren, wier dat net gutt.

Den Etienne Schneider ass enttäuscht, datt et net gelongen ass, datt d'Steewollfabrick op Lëtzebuerg kënnt. Hie bedauert, datt d'Emissioune vu Knauf an de Grand-Duché kéimen, d'Aarbechtsplazen an d'Steierrecetten awer a Frankräich bleiwen.


Reaktioun vum Etienne Schneider:

Lauschterenplay_arrow


Dieschbourg: Gewënn fir d'Groussregioun

Déi gréng Ëmweltministerin Carole Dieschbourg kann d'Reaktioun vum Etienne Schneider novollzéien. Et wier trotzdeem positiv, datt d'Entreprise sech an der Groussregioun géif néierloossen. An dësem Fall wier och am Sënn vun der Liewensqualitéit geschafft ginn. D'Carole Dieschbourg betount och, datt d'Entreprisen zu Lëtzebuerg d'selwecht géife behandelt ginn. Moossstaf wieren d'Gesetzer, déi d'Gesondheet vun der Populatioun solle schützen. Et wier richteg, datt Gesondheets- an Ëmweltcritèren am Virfeld vun enger méiglecher Implantatioun gepréift géife ginn, grad wann et ëm eng Regioun géif goen, wou haut schonn eng grouss Belaaschtung wier, sou d'Ëmweltministesch.

Déi politesch Diskussiounen hei am Land iwwer de Projet wieren net den Haaptgrond, firwat et mat der Implantatioun net geklappt huet, sou d'Carole Dieschbourg. D'Evaluatiounsprozedur wier eréischt am gaange gewiescht an et hätten nach Donnéeë gefeelt. Dobäi kéim, datt Knauf Insulation op zwee Sitte parallel gepréift hätt.

D'Decisioun vun der däitscher Entreprise Knauf Insulation, fir d'Steewollfabrick a Frankräich ze bauen, an net hei am Land, wëllt d'Ëmweltministerin net bewäerten. Si géif zur Kenntnis huelen, datt si e Mëttwoch mat engem Bréif doriwwer informéiert gouf, datt Knauf sech fir een anere Standuert decidéiert huet.

Bausch: Keng Irregularitéiten am Nohaltegkeetsministère

Dem François Bausch seet, et géif net stëmmen, datt am Nohaltegkeetsministère am Dossier Steewollfabrick "Saache" gemaach gi wieren, déi anescht gelaf wiere wéi bei aneren Entreprisen. Hie wier frou, datt d'Diskussioun ëm d'Steewollfabrick eriwwer wier. "Ech vergonnen der franséischer Grenzregioun, datt déi Leit, déi souwisou an dee Betrib op Lëtzebuerg schaffe komm wieren, datt dee Betrib a Frankräich ass."

Doduerch, datt dës Entreprise elo a Frankräich wier, kéime manner Frontalieren op Lëtzebuerg. "Ech mengen, datt dat mol guer net esou schlecht ass", sou de François Bausch.