16 weider Schëffer wiere prett ofzeleeën, esou den ukraineschen Infrastrukturminister Olexander Kubrakow. No dräi Méint Verhandlungen ass den 22. Juli en Accord tëscht der Ukrain, Russland, der Tierkei an de Vereenten Natioune ënnerschriwwe ginn. Dësen Accord gesäit vir, datt dräi ukrainesch Häfen erëm a Betrib geholl ginn; do sollen der Ukrain no iwwert 20 Milliounen Tonne Käre prett fir den Export sinn.
All Liwwerung vum Schwaarze Mier an d'Mëttelmier soll zu Istanbul enger Inspektioun ënnerzu ginn. Dofir an och fir d'Iwwerwaache vun de Schëffsroutten ass ee gemeinsame Koordinatiouns-Zenter zoustänneg, dee leschte Mëttwoch vun de véier bedeelegte Parteien a Betrib geholl ginn ass. Russland kann esou och sécher stellen, datt keng Waffen iwwert dëse Wee an d'Ukrain geliwwert ginn.
Den Hafebetrib war no der russescher Invasioun aus Sécherheetsgrënn gestoppt ginn. D'Ukrain huet Russland eng Blockad vum Kären-Export virgehäit. Wéinst dem Ausbléiwe vun de Käreliwwerungen huet d'UNO viru schlëmmen Hongerkrise weltwäit gewarnt. D'Ofkommes wier, laut der UNO, en Zeeche fir Hoffnung am Konflikt tëscht Russland an der Ukrain.