Gëschter Owend sollen déi lescht dräi däitsch Maschinnen de Flughafen zu Kabul a Richtung Usbekistan verlooss hu fir Persoune virun den Taliban a Sécherheet ze bréngen. Genee wéi aner europäesch Partner huet Däitschland domadder e Schlussstréch ënner säi militärescht Evakuéierungsmanöver gezunn.
Enn vun der militärescher Missioun
Déi däitsch Verdeedegungsministerin Annegret Kramp-Karrenbauer sot déi uerg Attacke virum Flughafen zu Kabul gëschter hätte verdäitlecht, datt eng Verlängerung vun der Missioun net méiglech wier. Am ganzen huet d'Bundeswehr ongeféier 5.347 Persounen ausgeflunn, dorënner iwwer 4.200 afghanesch Staatsbierger.
Eine Verlängerung der Operation in Kabul war nicht möglich. Die sich verschärfende Sicherheitslage vor Ort sowie die unmissverständliche Entscheidung der Taliban haben dies unmöglich gemacht. 8/15
- A. Kramp-Karrenbauer (@akk) August 26, 2021
Nächsten Dënschden wëllen d'USA als lescht Natioun hiert Personal komplett aus dem Land ofzéien. D'Kanzlerin Merkel huet awer betount, datt d'Enn vun der Loftbréck nach net d'Enn vum däitschen Engagement wier. All déi Persounen, déi net rechtzäiteg a Sécherheet konnte bruecht ginn, sollen net vergiess ginn, huet si gëschter versprach.
Onkloer, wéi Rettunge weider solle goen
Och den Ausseminister Heiko Maas gesäit d'Loftbréck just als eng éischte Phas vun der Rettungsaktioun. "D'Aarbecht geet soulaang weider, bis all déi a Sécherheet sinn, fir déi mir am Afghanistan Verantwortung droen", sot hie gëschter op enger Pressekonferenz.
Wir arbeiten mit Hochdruck daran, neue Ausreisemöglichkeiten zu schaffen - ob über zivile Flüge, oder Landwege in die Nachbarstaaten - um den verbliebenen Ortskräften und besonders gefährdeten Menschen eine Ausreise zu ermöglichen. (4/5)
- Heiko Maas