Béid Parteie leie bal gläich op: schlussendlech trenne si just 36 Stëmmen. Si hunn elo alle béid sechs Sëtzer am Gemengerot. De Steve Faltz, Spëtzekandidat vun der LSAP, hat sech an der Positioun gesinn, fir Gespréicher fir eng "progressiv" Koalitioun ze féieren.
Fir eng méiglech Koalitioun zu Esch sinn d'DP, zesumme mat déi gréng - béid Parteien hunn zwee Sëtzer zu Esch/Uelzecht - de Kinneksmécher. Béid hu sech fir eng weider Zesummenaarbecht mat der CSV ausgeschwat.
De Pim Knaff sot, et hätt een déi lescht Joren immens gutt zesummegeschafft a vill Projeten an d'Weeër geleet. Och de Meris Sehovic sot, et wéilt een op Kontinuitéit zu Esch setzen. D'Detailer géife sech d'nächst Woch an de Sondéierungsgespréicher weisen.
déi Lénk verléieren iwwerdeems ee Sëtz zu Esch: just nach de Marc Baum bleift am Gemengerot. D'Piraten an den ADR kommen nei an de Gemengerot eran.
De Bernard Schmit vun der ADR seet, datt seng Partei an d'Oppositioun wäert goen a Saache "mam Numm" benennen, och "schroff, wann et muss sinn".