Ee Grond, wisou de Lëtzebuerger Staat net vu sengem Virkafsrecht Gebrauch gemaach huet, kéint de Präis vu 400 Milliounen Euro sinn, deen an internationale Medien zirkuléiert, esou den CSV-Deputéierte Léon Gloden. 100,7-Informatiounen no soll de Präis vu 25,48 Prozent vun den Encevo-Aktië souguer tëschent 400 a 450 Milliounen Euro leien.
Déi aner ronn 74,5 Prozent vun de Parte sinn an ëffentlecher Hand. Et hätt een domat d'Chance verpasst, fir den Energiefournisseur komplett ënner staatlech Kontroll ze kréien, esou d'Kritik vun déi Lénk. De Staat hätt "erëm e reng profitorientéierte Betrib an d'Aktionariat erageholl", amplaz selwer aktiv ze gi fir eng eegen Energiepolitik ze bedreiwen, bedauert hien. déi Lénk sinn der Meenung, datt de Verkaf an der zoustänneger Chamberkommissioun fir Wirtschaft hätt missen diskutéiert ginn.
Skepsis iwwer chineseschen Afloss
Och déi gréng sinn der Meenung, datt d'Regierung nach iwwer de Verkaf vun den Aktien hätt missten diskutéieren, obwuel si schonn op dat Virkafsrecht verzicht huet, an Ardian de Verkaf vu senge Parte schonn ausgehandelt huet. De gréngen Deputéierte Gérard Anzia huet ze bedenke ginn, datt "wann ee mat sou enger grousser Part Aktionär gëtt, ee sécherlech och eng Persoun am Verwaltungsrot wäert stellen". Et wier een domat un der Quell, wéi d'Strategie vum Mammenhaus an den Duechtergesellschaften entwéckelt géif ginn. "Dann ass ee scho ganz no un der Quell vun den Entwécklunge vum lëtzebuergeschen an europäesche Maart", esou de Gérard Anzia weider. déi gréng stelle sech d'Fro, ob et ubruecht wier, wann e chinesesche Betrib Accès op de lëtzebuergeschen, respektiv europäesche Know-How géif kréien.
Vum Know-How profitéieren
Dës Skepsis deelen d'ADR, déi Lénk an d'CSV awer net. De Léon Gloden deelt dem LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider seng Meenung, datt et gutt wier en industriellen Investisseur ze hunn. Den Etienne Schneider hat sech zefridde gewisen iwwer de Verkaf vun den Aktien. Et wier him wichteg gewiescht, datt en industriellen Investisseur fonnt gëtt, dee sech laangfristeg géif engagéieren. Zil wier et vum chineseschem Know-How ze profitéieren. D'Méiglechkeet, fir Wëssen an Erfahrung auszetauschen, wier interessant, seet den DP-Fraktiounschef Eugène Berger. Seng Partei géif d'Iwwernahm net problematesch fannen, vu datt knapp 75 Prozent vun den Undeeler un der Energie-Entreprise an ëffentlecher Hand bleiwen.
D'ADR ass prinzipiell der Meenung, datt de Staat sech net an d'Privatwirtschaft sollt amëschen. Hei géif et sech awer ëm eng Ausnahm handelen, well Encevo de bedeitendste strategesche Betrib zu Lëtzebuerg ass. De Staat hätt solle vu sengem Virkafsrecht Gebrauch maachen an déi Parten iwwerhuelen. D'Entscheedung vun der Regierung wier also déi falsch gewiescht.
Gewerkschafte wëlle méi Informatiounen
D'Gewerkschaft OGBL gesäit de Verkaf vun den Aktien a priori net als problematesch, esoulaang Encevo zum gréissten Deel an ëffentlecher Hand bleift, esou d'Zentralsekretärin vum Energiesyndikat, Michelle Cloos, op Nofro hin. Et misst ee sech awer nach méi iwwer déi chinesesch Entreprise informéieren. Den LCGB géif sech an engem Bréif un de Wirtschaftsminister riichten, fir méi Informatiounen ze kréien, sot d'Gewerkschaftssekretärin Céline Conter op Nofro hin.
Déi franséisch Investment-Firma Ardian hat matgedeelt, datt si hir Undeeler un Encevo vu 24,5 Prozent u China Southern Power Grid verkeeft. Déi chinesesch Firma gëtt domat zweetgréissten Eenzel-Aktionär vun Encevo.
D'Fanny Kinsch am Panorama, den 1. August um 12 Auer: