Betraff vun engem zweete Booster sinn ënner anerem Leit, déi en neit Organ kruten, déi eng Chemotherapie duerchmaachen oder aus engem aner Grond immunodepriméiert sinn.
Bei dëser Kategorie vu Leit läit d'Grondimpfung bei dräi Dosissen - dat hat de Conseil Superieur des Maladies Infectieuses d'lescht Joer an hirem Avis iwwer Booster-Impfungen zeréckbehalen. Déi véiert Dosis entsprécht bei besonnesch vulnerabele Leit deemno enger Booster-Impfung, seet de Santésdirekter Jean-Claude Schmit.
Vulnerabel Leit beschtméiglech schützen
Wärend der Omikron-Well soll dës Booster-Impfung den immunodepriméierte Leit e besseren Impfschutz bidden. Et géif virun allem drëm goe virun engem schwéiere Verlaf ze schützen, esou den Dr. Jean-Claude Schmit - grad dës Leit hätten e méi grousse Risiko fir e méi schwéiere Verlaf ze hunn. "An deem Sënn ass et méi wichteg, datt se sou gutt wéi méiglech geimpft sinn."
Verimpft gëtt en mRNA-Impfstoff, also entweder Comirnaty vu BioNTech/Pfizer oder Spikevax vu Moderna, präziséiert den Dr. Jean-Claude Schmit.
E Mëssverständnes am Wocheréckbléck
Gëschter Owend hat de Gesondheetsministère a sengem Wocheréckbléck kommunizéiert, datt vulnerabel Leit iwwer 65 Joer eng véiert Dosis kréien kéinten. Dat war vu verschidde Medien ofgegraff ginn.
Ronn 12 Stonne méi spéit gouf de Moien dunn eng Rektifikatioun verschéckt mat der Prezisioun, datt et sech ëm vulnerabel Leit vun 18 Joer un handelt. Wéi et zu der Konfusioun komm ass, konnt de Dr. Jean-Claude Schmit eis de Moien net soen.