Wann een duerch eist Land fiert oder an der Haaptstad ronderëm geet, stellt ee fest, datt iwwerall nei Haiser gebaut ginn, fir der héijer Nofro esou gutt wéi méiglech entgéint ze kommen.
Mam Opkafe vun Terraine verdénge sech d'Baupromoteuren eng gëllen Nues, och wa si a Tëschenzäit iwwer héich Materialpräisser a Liwwerproblemer kloen, dee Moment, wou si drop baue mussen.
Iwwer de kulturelle Wäert vun eisem Baupatrimoine gëtt an der Reegel wéineg diskutéiert. Déi extrem deier Präisser um Immobiliëmaart an déi domat zesummenhänkend Problemer am Wunnberäich beherrschen d'Aktualitéit a sinn zanter Joerzéngten e konstante Politikum.
Mir hunn eis leider dru gewinnt, datt an de vergaangene Joerzéngten esou vill schéin Haiser ofgerappt goufen, fir Plaz ze maache fir grujeleg Héichhaiser, administrativ Baukëschten an ofgeleckte Glasfassaden.
D'Verschampeléierung vum urbane Raum
De Boulevard Royal an der Stad ass e Synonym vun der Verschampeléierung vum Stadkär ginn. De Plateau vum Kierchbierg ass dat bescht Beispill, wat een alles falsch maache kann, fir datt ee sech an engem Quartier wuel fillt. A Randgemenge wuessen anarchesch weider a kämpfe mat engem onbändegen Duerchgangsverkéier.
E gudden Deel vun de Privathaiser, déi an der leschter Zäit gebaut goufen, gesinn aus wéi betonéiert Legos-Cuben. Si ginn heiansdo mat "besonnesche" Faarwen ugestrach, fir datt si vun den Nopeschhaiser ënnerscheet kënne ginn. Wéi een op franséisch seet: " Les goûts et les couleurs, ça ne se discute pas. "
Doduerch, datt Wunnengen dréngend gebraucht ginn an datt d'Immobiliëpräisser permanent an d'Luucht ginn, liicht et engem an, datt versicht gëtt, schnell a gënschteg ze bauen. D'Resultat ass awer, datt den urbane Raum ëmmer méi eintöneg gëtt.
Eng architektonesch Kultur ouni Ästhetik
Natierlech kann een dat klengt Lëtzebuerg net mat Stied wéi Paräis oder Berlin vergläichen, déi een eenzegaartege Patrimoine wéinst hirer räicher Vergaangenheet geierft hunn.
Mee dat wéinegst, wat Lëtzebuerg op deem Plang ze bidden hat, ass duerch d'Zerstéierungswut an der moderner a postmoderner Zäit zu engem beträchtlechen Deel geschrumpft.
Eis architektonesch Kultur ass vun engem Sammelsurium vu Baute gepräägt, wou keng global Leitlinn oder Ästhetik ze erkennen ass. Punktuell kommen zwar Initiativen op, déi sech fir d'Erhale vun engem bestëmmten Haus asetzen, mee déi verantwortlech Stelle sinn ze vill mat de sozioekonomesche Repercussioune vun der Wunnengsproblematik beschäftegt, fir datt si sech mat enger méi globaler kulturpolitescher Approche ausernee setze géifen.
An dësem Sënn kléngt de Marketingssproch "Luxembourg: Let's make it happen", deen den Image vun eisem Land oppoléiere soll, zimmlech huel.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.