Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - Sol

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng super-grouss Katastroph"

Jugendschutz

"Eng super-grouss Katastroph"

"Eng super-grouss Katastroph", sou nennt de Gilbert Pregno d'Tatsaach, datt nach ëmmer Mannerjäreger zu Schraasseg sëtzen. Dat wier net acceptabel. Zënter déi nei Sécherheetsstruktur zu Dräibur op ass, dierft am Fong geholl keen eenzege Jugendleche méi am Erwuesseneprisong sinn, betount de President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun.

auto_stories

2 min

Gilbert Pregno (Archivphoto radio 100,7)

De Gilbert Pregno hat et komme gesinn: "Déi Befierchtung, déi mir haten, déi ass agetratt", bedauert de President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun.

Et hätt een am Gespréich mam Félix Braz, wéi och mat de Magistraten, ganz kloer gesot, datt mat der Aféierung vun der Unité de sécurité zu Dräibur, Mannerjäreger net méi op Schraasseg solle kommen. Dëst hätt och dem Wonsch vun de Parlamentarier entsprach. D'Unisec wier gebaut ginn, fir datt kee Mannerjärege méi an den Erwuesseneprisong soll placéiert ginn, sou de Gilbert Pregno. D'Politik hätt e ganz kuerzt Gediechtnes, well dat elo net méi agehale géif ginn. Dat wier net acceptabel.

E Projet éducatif

De Psycholog a President vun der Mënscherechtskommissioun verlaangt, datt ganz kloer soll gesot ginn, wat de Sënn vun der Sécherheetsunitéit zu Dräibur ass. Fir déi Jugendlech, déi dohinner ginn, géif et e Projet éducatif ginn. Déi aner, déi géifen an den Erwuesseneprisong op Schraasseg goen. Dat wier e Bricolage, esou de Gilbert Pregno. Et wier bei de Jugendlechen awer wichteg, datt ee ganz genee weess, firwat si op déi eng Platz ginn, an net op déi aner.

Zu Schraasseg wieren d'Konditiounen net erfëllt, fir Mannerjäreger do ënnerzebréngen. Wa Jonker a Konflikt mam Gesetz geroden, da misste si gehollef kréien. Dat wier awer net de Fall, wa si mat erwuessene Prisonéier agespaart ginn, seet de Gilbert Pregno. De Prisong wier net equipéiert, fir Mannerjäregen dat Richtegt unzebidden. Duerfir wier d'Unité de sécurité do.

Positioun net verhandelbar

D'Positioun vun der consultativer Mënscherechtskommissioun wier nach ëmmer déi gewiescht, datt kee Mannerjäregen an de Erwuesseneprisong gehéiert. Dem Gilbert Pregno no ass dës Positioun net verhandelbar.

Dem Justizministère no, soll bei der Reform vum Jugendschutzgesetz d'Fro behandelt ginn, ob an Zukunft a raren a begrënnte Fäll awer nach Mannerjäreger op Schraasseg ginn. De Projet soll am Mäerz an de Regierungsrot kommen.


Lauschterenplay_arrow