Um Enn gouf um eigentleche Gesetz näischt geännert. Dora steet, datt vun 2035 un, nei Autoen mussen emissiounsfräi sinn. Den Aus vum Verbrenner-Moteur ass deemno decidéiert.
Däitschland huet sech dofir agesat, datt d'Europäesch Kommissioun fir Autoen, déi mat syntheetesche Kraftstoffer bedriwwe ginn, extra Reegelen ausschafft. Bréissel huet de Weekend annoncéiert, där Demande nozekommen.
Klenggedréckten Text iwwert E-Fuels gëtt nogeliwwert
Déi sougenannten Efuels sinn ëmstridden, wëll hir Produktioun zimmlech deier ass. De Lëtzebuerger Energieminister Claude Turmes bedauert, datt d'EU "wochelaang huet missen d'Schwäerze vun der FDP, déi Wale verluer huet, veraarbechten". Syntheetesch Kraftstoffer, och "E-Fuels" genannt si fir hie keng Léisung - schonn eleng, well hir Produktioun vill ze deier ass.
"Efuels ass am Fong eng Räiche-Politik fir Porsche 911-Fuerer. Et ass am Fong absurd, wat do gelaf ass. Mee ech sinn elo frou, datt deen Dossier vum Dësch ass."
Datt elo nach juristesch Texter nogereecht ginn, suergt awer fir eng gewëss Konfusioun.
Engersäits wëll d'Kommissioun op Wonsch vun Däitschland en neien Typ Auto, deen ausschliisslech mat klimaneutrale syntheetesche Kraftstoffer fiert, aféieren. Anerersäits soll een Zousaz zum neie Gesetz festleeën, wéi déi Zort Autoen d'Grenzwäerter anhale muss.
Juristesch Schrëtter annoncéiert
Dat steet am Widdersproch mam eigentleche Gesetz, seet den däitsche Gréngen Europadeputéierten Michael Bloss, deen annoncéiert, datt d'Europaparlament dogéint kloe wäert.
"Die Kommission darf nicht entgegen der Rechtsgrundlage handeln. Ich bin mir sicher, dass wir vor dem Europäeischen Gerichtshof Recht bekommen würden."
Och de Lëtzebuerger Energieminister Claude Turmes schléisst juristesch Schrëtter net aus.
"Et ass warscheinlech esou, datt mir ganz no dru sinn, dat d'Reegelen e bësse gebéit goufen. Dat musse mir an de nächste Wochen analyséieren."
Verbrenne vun E-Fuels ass net emissiounsfräi
Sollten déi legal Zousätz kontestéiert ginn, kéint dat ganzt Gesetz och nach amendéiert ginn, sou d'Kommissioun. Een EU-Diplomat verweist drop, dat souwisou am Joer 2026 eng Revisioun virgesinn ass.
Bleiwen nach aner Problemer, wéi deen, datt bei syntheetesche Kraftstoffer duerchaus nach CO2 aus dem Auspuff kënnt. Eppes wat dat neit Gesetz jo verbitt. A klimaneutral sinn E-Fuels bis elo och net, huet gëscht een EU-Diplomat zouginn.
Däitschland kéint ee Beispill fir anerer sinn
De Präis fir dee ganzen Duerchernee kéint och politesch een héije sinn. Datt Däitschland seng Positioun geännert huet, nodeems schonn een Accord de principe fonnt gi war, stéisst weider op Kritik. Och, datt d'Kommissioun op déi däitsch Demanden agaangen ass.
"Das bedeutet dass viele versuchen werden, am Ende ihre Interpretation und ihre Interessen hinein zu bekommen. Und wenn viele das machen, dann funktioniert es nicht mehr in Europa."
stellt de Michael Bloss fest, och déi spuenesch Energieministerin Teresa Ribera huet et op Däitschland setzen.
"Dat war kee feinen Zuch vun Däitschland. Ech hoffen, dat et kee Präzedenzfall ass, well dat kéint schwiereg Zäite fir Europa bedeiten".
Fir de Claude Turmes ass virun allem déi däitsch FDP, déi de Blockage provozéiert huet, Schold um Schlamassel. Déi Gréng an d'FDP hätte sech géigesäiteg neutraliséiert. Do hätt eventuell de Kanzler Scholz missen intervenéieren, sou de grénge Politiker um Dënschdeg Nomëtteg zu Bréissel.