Radioen

On air

Tockcity  |  Caribou - Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng pro-europäesch Äntwert

Europawahlen 2019

Eng pro-europäesch Äntwert

De Rolf Tarrach hält et fir realistesch, datt déi paneuropäesch Partei VOLT - fir déi hien hei zu Lëtzebuerg kandidéiert - bei de Wahlen de 26. Mee an Däitschland an an Holland deen een oder anere Sëtz am Europaparlament kritt.

auto_stories

2 min

E puer Mandater am EU-Parlament wiere wuel och wichteg an néideg, fir mëttelfristeg d'Iwwerliewe vun der Beweegung ze garantéieren. Am anere Fall géif e gewësse Risiko bestoen, datt déi gutt Kandidate vu VOLT vun anere Parteie rekrutéiert ginn, fäert de Rolf Tarrach:

"Ich hoffe, dass diese viele jungen Menschen - die sind ja noch am Anfang ihres Lebens, ihrer beruflichen Tätigkeiten und ihres politischen Engagements -, dass die weitermachen werden. Aber natürlich wird es nicht einfach sein."

Oppe fir Migratioun

Fir déi paneuropäesch Beweegung VOLT, ass Migratioun keng Bedrohung, egal aus wéi enge Grënn d'Leit heihinner kommen: ob et wéinst Krich ass, wéinst de Konsequenze vum Klimawandel oder fir eng Aarbecht ze fannen. D'Partei gesäit also virun allem Chancen an der Migratioun, wéi de Rolf Tarrach erkläert:

"Wir müssen das so handhaben, dass wenn Leute kommen, die in der Lage sind sich sofort in den Arbeitsmarkt zu integrieren, dass wir das erlauben. Die Idee, dass das ein Zero-sum-Problem ist, dass jemand einem anderen eine Arbeit nimmt, die ist vollkommen falsch. Je mehr Arbeit, je bessere Leute wir haben, die arbeiten, desto mehr Arbeit werden wir produzieren. Das ist genau so wie mit dem Wissen: je mehr wir wissen, desto mehr wissen wir, dass es sehr viel gibt was wir nicht wissen."

VOLT trëtt an aacht Länner un

VOLT ass eng jonk paneuropäesch Partei, déi bei den Europawahlen de 26. Mee an aacht Länner Lëschte presentéiert. Eent dovun ass Lëtzebuerg. A prominentsten an iwwerraschendste VOLT-Kandidat hei am Land ass ouni Zweiwel de Rolf Tarrach, de fréiere Rektor vun der Uni Lëtzebuerg.

Virun zwee Joer gouf d'Beweegung als radikal pro-europäesch Äntwert op de Brexit-Referendum an déi staark populistesch Tendenzen uechter Europa gegrënnt:

"Wenn Sie vor einem komplexen Problem stehen, natürlich wird das irgendwann national diskutiert. Aber die Vorarbeit, die muss man auf europäischer Ebene leisten. Denn wissen Sie was sonst die Folge ist? Dass die Unterschiede zwischen den europäischen Ländern immer grösser werden. Und wissen Sie was davon die Folge sein wird? Dann geht Europa kaputt."