Radioen

On air

De Moien  |  Them Lights – Residenz-Ofschloss an der Escher Kufa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Plainte géint de Staat

Klimaschutz

Eng Plainte géint de Staat

De Mouvement écologique envisagéiert eng Plainte géint d'Regierung, wa bis Enn dës Joers keng ambitiéis Klimaschutzmesurë virgeluecht ginn. Dat huet d'Presidentin vun der ONG, d'Blanche Weber, de Moien am 100,7-Interview annoncéiert. Am Ausland géifen et dofir genuch Virbiller ginn, an eng juristesch Upak géif een och fannen.

auto_stories

3 min

"Et gëtt jo Virbiller. A Frankräich gëtt jo eng Plainte deposéiert. Et gi schonn eng Rei juristesch Upaken. Mee mir sinn nach net sou wäit. Mir setzen drop, datt d'Regierung dat op den Dësch leet. Mee am Ablack spiert een net, datt d'Regierung wëllt an de Fong vum Problem aklammen. Dowéinst ass all Meenungsäusserung, déi dat bëssi méi fundamental thematiséiert, exzellent. Well wann de Mëtteg d'Schüler op d'Strooss ginn, ass dat jo an deem Sënn ee Qualitéitssprong: Mir ginn interpelléiert, mir als Erwuesse schwätzen zanter 20 Joer iwwer Klimaschutz an all kéiers wann eppes soll gemaach ginn, dann zerriede mir et oder schwätzen iwwerhaapt net driwwer, an herno geschitt näischt."

D'Ëmweltorganisatioun erwaart sech, datt ënner anerem d'Schülermanifestatioune fir méi Klimaschutz een Impakt op d'Politik wäerten hunn. An enger Demokratie kéint een esou eng weltwäit Beweegung net ignoréieren, mengt de Cédric Metz. D'Initiativ vun de Schüler wier eng "genial Ergänzung" zur Aarbecht vun den Ëmwelt-ONGen. Et géif och vereenzelt Kontakter ginn, zum Beispill hätt de Mouvement de Schüler Raimlechkeeten zur Verfügung gestallt, fir sech ze organiséieren. Et wéilt een déi Jonk awer net "instrumentaliséieren", esou de Cédric Metz.

Steieren a Klimapolitik

De Steiersystem misst méi ekologesch a méi sozial ginn, äntwert d'Blanche Weber op d'Fro, ob d'Autossteier nom Prinzip vum "Pollueur-Payeur" ugepasst ginn, sou datt ee fir Autoe mat décke Motore méi misst bezuelen. Et géif also kee Sënn maachen, eng Mesure erauszepicken an eenzel ze diskutéieren. Mee se misst Deel vun engem ganze Mesurëpak sinn. Eng Upassung vun der Autossteier wier awer sécherlech néideg, well Lëtzebuerg géif ëmweltschiedlecht Verhalen allgemeng kaum besteieren.

Den LSAP-Parteipresident Franz Fayot hat rezent an engem Lieserbréif am Wort gefuerdert, datt Autoe mat décke Motore méi besteiert géife ginn.

Kuerz drop an engem RTL-Interview huet hie sech méi virsiichteg ausgedréckt a betount, datt hien näischt géint SUVen hätt, an eng méi ambitiéis Klimapolitik wier och éischter eppes, wouriwwer ee fir eng nächst Legislatur sollt nodenken.

D'Akzeptanz vun Ëmweltschutzmesurë géif vun zwee Facteuren ofhänken, seet d'Blanche Weber: Datt se effektiv de gewollten Impakt hunn, misst kloer sinn, an datt se sozial gerecht sinn. D'Regierung géif am Abléck dobäi versoe "fir eng Strategie op den Dësch ze leeën, mat wat mir wëlle wat erreechen." Déi geplangten Hausse vun den Accisen op Bensin an Diesel hätt op de Klimaschutz zum Beispill guer keen Impakt.

Fräihandel a Klimapolitik

De Mouvement fuerdert och eng kloer Ausso vun der blo-rout-grénger Koalitioun, wéi se zu de geplangten neie Verhandlungen iwwer ee Fräihandelsofkommes tëschent der EU an den USA steet. Soulaang d'USA de Paräisser Klimaaccord net respektéieren, dierften der ONG no keng esou Verhandlunge geféiert ginn.