Eng vun den zwou Petitionärinnen ass d'Enji Ismaili. Si schafft als Assistante Sociale am Sepas vum Lycée Belval an huet d'Erfarung gemaach, datt et d'Mamme sinn, déi esou ee Jongfralechkeets-Zertifikat froen.
"Also et ass am Fong sou, datt ech selwer e Fall hat vun engem jonke Meedchen, wat deemools Majeure war a mir erkläert huet, datt et an enger ganz delikater Situatioun doheem wier a seng Mamm wéilt onbedéngt mat him bei de Gynéko goe fir kënnen ze zertifiéieren ob d'Meedche Jongfra wier oder net. Si hätt nämlech Douten a si wéilt dat esou kloerstellen."
Mangel un Opklärungsaarbecht
An engem anere Fall huet eng mannerjäreg Schülerin scho fir déi zweete Kéier missen ee "Certificat de Virginité" doheem virleeën. De Problem géif hei kloer um Mangel un Opklärungsaarbecht leien, sou nach d'Petitionärin.
"Wa mir weiderhin an enger Gesellschaft liewen, wou drop gepocht gëtt, datt ee Meedche muss Jongfra sinn, well et soss u Wäert verléiert, da kann een esou ëmmer Gewalt géint Frae justifizéieren."
Där Meenung ass och de Planning Familial, deen dës Petitioun ënnerstëtzt. D'Presidentin Ainhoa Achutegui erkläert, datt d'Demande, fir esou ee Certificat ausgestallt ze kréien, zu Lëtzebuerg nëmme ganz geréng ass. Am Joer géif de Planning Familial nëmmen e Grapp voll esou Demande kréien. Déi leent de Planning Familial awer systematesch of. Well fir d'Ainhoa Achutegui geet et net drëms, wéi vill Demanden et gëtt, mee fir si ass et vill méi eng Prinzipiesaach.
"Awer et ass och eng Saach vum Prinzip vun enger Gesellschaft, déi seet, mir wëllen dat net, dat existéiert bei eis net. Virginitéit existéiert net, dat ass vëllege Blödsinn. Also net nëmme medezinesch als Acte médicale, wou een esou eppes kéint noweisen, mee och als soziale Konstrukt. An do positionéiert sech eng Gesellschaft."
Jongfra sinn ass net noweisbar
Dofir géifen déi meescht Dokteren zu Lëtzebuerg sech och schonn eleng aus ethesche Grënn um franséische Modell orientéieren, wou d'Ausstelle vun esou engem "Certificat de Virginité" per Gesetz verbueden ass, erkläert den Dokter Pit Duschinger, President vun der Société Luxembourgeoise de Gynécologie et d'Obstétrique. Och aus der medezinescher Perspektiv wier d'Ausstelle vu Jongfralechkeets-Zertifikater net vertrietbar. Datt d'Hymen ausschlaggebend ass, fir ze beweisen, ob eng Fra Jongfra ass oder net, ass e Mythos, sou nach den Dokter Pit Duschinger.
"Éischtens ass et onmënschlech, zweetens ass et net noweisbar, well et gëtt divers Situatiounen an der Sexualitéit an du kanns am Fong ni enger Dame bescheinegen, datt si nach vierge ass. Dat ass medezinesch net méiglech"
Well sech dat vill Leit net bewosst sinn, erhofft sech d'Petitionärin Enji Ismaili, datt een e méi konkreten Opklärungs-Plang fir d'Schoulen ausschaffe kéint.