D'Aféierung vum "Nohaltegkeets-Check" steet am aktuelle Regierungsprogramm an dëst Instrument fir d'Auto-Evaluatioun vu Gesetzestexter gëtt no an no ëmgesat. Fir de Moment gëtt un Hand vun e puer Froen analyséiert, wéi een Impakt Projeten am Beräich nohalteg Entwécklung hunn.
Impakt vum "Nohaltegkeets-Check" begrenzt
Fir de Sebastian Weier vum Cercle de Coopération des ONGD, wier dat Instrument net schlecht, fir gemeinsam Referenze fir weider Projeten ze schafen.
"Anerersäits kann ee sech natierlech och froen, ob dat duer geet, an ob dat alles ass wat een als Staat ka maachen, dräi einfach Froen ze stellen, déi esou bëssen am Genre sinn, huet äre Projet een Effekt, jo, nee, firwat."
Och d'OECD hätt d'Fro gestallt, ob net ee Suivis-Organ néideg wier, mat klore Kompetenzen a klore Konsequenze wann d'Äntwerten op d'Froen net befriddegend wieren. Soulaang dat net de Fall wier, wier den Impakt vum "Nohaltegkeets-Check" éischter begrenzt, fënnt de Sebastian Weier.
Méi Koherenz an der Politik
Nohalteg Entwécklung ouni eng pan-gouvernemental Approche wier eigentlech politesch net ëmzesetzen, stellt de Vertrieder vum Cercle de Coopération des ONG de développement weider fest.
Wichteg wier Koherenz bei Projeten. Fir hie wier et eng proaktiv Synthese, wann ee Projet entwéckelt gëtt, gläichzäiteg en Handelsvertrag ze maachen. Dee sollt déi nohalteg Produiten déi entwéckelt goufen dann och fuerderen, fir datt se méi einfach an ënnert bessere Konditiounen op de Lëtzebuerger Marché kommen.
Déi pan-gouvernemental Approche wier deemno essentiel fir eng Koherenz an der Politik vun der nohalteger Entwécklung hin ze kréien, seet de Sebastian Weier. Hie bedauert, datt et hei am Land net wierklech iwwert een Austausch tëschent de Vertrieder vun de Ministèren eraus geet.