Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Ouverture vun der CSV

Auslännerwahlrecht

Eng Ouverture vun der CSV

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser fënnt déi Iddi "inakzeptabel", datt den neien CSV-President Frank Engel sech oppe weist fir d'Wahlrecht fir Auslänner ze erweideren. D'ASTI weist sech frou iwwer "all Fortschrëtt". De Patronatsverband UEL wëllt sech um Debat bedeelegen, en awer net selwer lancéieren.

auto_stories

3 min

De Fernand Kartheiser (ADR) ass géint eng Ouverture vum Wahlrecht fir EU-Bierger, d'Laura Zuccoli (ASTI) freet sech iwwer "all Fortschrëtt". Fotoen: Archiv.

D'Ouverture a punkto Auslännerwahlrecht vum Frank Engel koum éischter iwwerraschend. Een Dag nodeems hien als CSV-President gewielt gouf, sot de Frank Engel am 100,7-Interview:

"Ech sinn net dofir, datt een en Auslännerwahlrecht soll aféieren, fir all Mënsch, den heihinner kënnt, an dee grad e bëssen hei ass an dat spannend fënnt. Mee ech sinn dofir, datt een sech muss intensiv Gedanken doriwwer maachen, iwwregens an der ganzer EU, wei een d'Uniounsbiergerschaft a Relatioun mat der politescher Participatioun relevant mécht."

De neien CSV-President ka sech zum Beispill virstellen, EU-Bierger d'Wahlrecht fir d'Chamberwahlen ze ginn. Dat ënner der Konditioun, datt si d'Lëtzebuerger Sprooch beherrschen an datt si schonn e puer Joer zu Lëtzebuerg wunnen.

ADR: Iddi ass net akzeptabel

D'ADR kritiséiert dës d'Ouverture. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser fënnt déi Iddi "inakzeptabel". D'Aussoe vum neien CSV-President géifen drop hindeiten, datt den "Nee" zum Auslännerwahlrecht am Referendum vun 2015 der CSV "net wichteg wier", esou de Fernand Kartheiser.

Den ADR-Deputéierten ënnersträicht, d'EU-Bierger hätte schonn d'Wahlrecht bei den Europawahlen. Et géif dofir kee Grond ginn, fir eng Ouverture um nationale Plang ze maachen.

ASTI: "Mir si frou iwwer all Fortschrëtt"

D'ASTI-Presidentin Laura Zuccoli hat zwar net mat esou Aussoen aus der CSV gerechent. Mee si weist sech frou iwwer "all Fortschrëtt":

"Mir si frou, wann iwwerhaapt Parteien déi Thematik erëm opwerfen, déi jo am Koalitiounsaccord absolut ënner den Dësch gekiert ginn ass. Do gëtt guer näischt proposéiert."

D'Auslännerorganisatioun weist sech dofir erfreet, datt déi gréisste Partei sech elo op en Neits mam Thema wëllt beschäftegen. D'ASTI wier zwar weider dofir, datt all d'Residenten d'Wahlrecht kréien, mee och e Wahlrecht fir EU-Bierger wier e Fortschrëtt, esou d'Laura Zuccoli.

UEL: Wëllt sech um Debat bedeelegen

Och de Patronatsverband UEL schwätzt sech weiderhi fir méi politesch Bedeelegung vun den Auslänner aus. Am Géigesaz zu der ASTI stellt d'UEL awer am Moment keng konkret Fuerderungen. Et wier eng Diskussioun, déi Zäit bräicht, esou den UEL-Direkter Jean-Paul Olinger.

D'UEL wéilt sech un dësem Debat bedeelegen, wann d'Politik decidéiert hätt, datt dësen Debat sollt gefouert ginn. "Mir wäerten en net lancéieren.


Interview mam Fernand Kartheiser (ADR):

Lauschteren

Interview mat der Laura Zuccoli (ASTI):

Lauschteren

Interview mam Jean-Paul Olinger (UEL):

Lauschteren


Hiweis: An enger éischter Versioun vun dësem Artikel hu mir de Jean-Paul Olinger fälschlecherweis als Generalsekretär vun der UEL bezeechent. Hien ass Direkter. Mir entschëllegen eis fir dee Feeler.