Radioen

On air

Tockcity  |  Friedberg - Hello

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng ongesond Elengherrschaft zu Diddeleng"

Gemengewahlen

"Eng ongesond Elengherrschaft zu Diddeleng"

An der Gemeng Diddeleng ass et d'Zil vun der Oppositioun, déi absolut Majoritéit vun der LSAP ze briechen. Am Face-à-face mam LSAP Buergermeeschter Dan Biancalana huet d'CSV-Spëtzekandidatin Michèle Kayser-Wengler der Majoritéit virgehäit, d'Oppositioun net eescht ze huelen. Differenze gëtt et beispillsweis beim soziale Wunnengsbau, eens ass een sech dogéint iwwer méiglech Léisunge vum Verkéiersproblem.

auto_stories

4 min

"Mir fillen eis heiansdo e bësselchen net ganz serieux geholl vun der absoluter Majoritéit", sot d'Michèle Kayser-Wengler (CSV). "Mir vermëssen e konstruktiven échange de vues an e serieuxen Dialog mat deenen anere Parteien am Gemengerot."

Wann d'Gemeng beispillsweis e Vertrieder an e Syndikat muss schécken, da géif systematesch en LSAP-Conseiller virgeschloe ginn. D'Oppositioun géif net emol gefrot ginn, sou d'CSV-Spëtzekandidatin. An hirem Wahlprogramm schwätzt hir Partei vun enger "ongesonder Elengherrschaft" vun de Sozialisten.

LSAP-Majoritéit schmëlzt vu Wahl zu Wahl

"90% vun deene Projeten, déi d'LSAP erabruecht huet, huet d'Oppositioun och matgedroen", huet de Buergermeeschter Dan Biancalana op de Virworf geäntwert.

Seng Partei huet am Diddelenger Gemengerot zéng Sëtz vun am ganzen 17, d'CSV huet dräi Sëtz, Déi Gréng der zwee an Déi Lénk an ADR all Kéiers ee Vetrieder. Vu Wahl zu Wahl ass déi absolut Majoritéit vun der LSAP op ongeféier 54% geschmolz.

Dem Buergermeeschter no géif sech de Bilan vun deene sechs leschte Jore weise loossen. ""Mir hunn e staarke Moderniséierungsprozess matgemaach, mir hu ronn 100 Milliounen € an déi ëffentlech Infrastrukturen investéiert". Diddeleng wier eng "ganz dynamesch Stad mat Potential", sou den Dan Biancalana.

Net genuch erschwéngleche Wunnraum

Zu Diddeleng kënne sech ëmmer manner Leit mat niddregem Akommes eng Wunneng leeschten, sief et fir ze kafen oder fir ze lounen. Virun allem am soziale Wunnengsbau wier "e bësse geschlof ginn", seet d'Michèle Kayser-Wengler.

Zum Beispill hätt d'Gemeng bei zwee private Bauprojeten an de Quartieren "Am Duerf" a "Lenkeschléi" ze wéineg Wunnenge kaf. Des weidere wier net genuch Bauterrain kaf gi fir e kommunale Wunnengsplang fir bezuelbare Wunnraum an d'Weeër ze leeden.

CSV proposéiert, um Beispill vu Monnerech, "Start up"-Wunnengen ze schafen. Jonker no der Léier oder nom Studium kéinten do fir dräi Joer an zu engem moderate Loyer wunnen. Eng 20 bis 30 där Wunnenge kéint si sech an den nächste sechs Joer virstellen, sou d'Michèle Kayser-Wengler.

"Am Wunnengsbau mécht een net genuch"

De Buergermeeschter stellt dogéint an d'Vitrine, wat seng Majoritéit an der leschter Legislatur geleescht hätt, dorënner "88 Wunnengen, wou déi sozial Kritère spillen". Nieft Projete mat der Société nationale des habitations à bon marché (SNHBM) hätt d'Gemeng Diddeleng ënnert anerem hire Stock u Gemengewunnengen op 40 eropgeschrauwt.

An den nächsten zeng bis 15 Joer da gi sech eng 1.000 Wunn-Unitéite mam Projet "Neischmelz" op de Friche versprach. Och do soll déi sozial Mixitéit spillen, seet den LSAP-Politiker. "Am Wunnengsbau mécht een net genuch, et ass jo och en nationale Problem", erkläert den Dan Biancalana.

LSAP an CSV op enger Linn beim "shared space"

Nieft dem Wunnen ass de Verkéier ee vun de grousse Problemer zu Diddeleng. Dausende franséisch Frontaliere fueren all Dag iwwer Diddeleng fir an d'Stad an nees zeréck. Dat suergt fir Stau op den Autobunnen an am Stadkäer. Iwwer méiglech Léisungen an deem Beräich si sech op d'mannst LSAP an d'CSV relativ eens.

Beim "shared-space", der Zone 20, déi sech Autoen, Veloen a Foussgänger deelen, ass déi éischt Phas scho Realitéit. "Wann déi zwou aner Phasen ëmgesat sinn, dann ass et net méi esou attraktiv fir duerch den Zentrum ze fueren", den Duerchgangs-Verkéier géif dann op d'Niewestrooss ëmgeleet ginn, erkläert d'CSV-Spëtzekandidatin.

"Majoritéit huet net tough genuch mat der CFL verhandelt"

Beim ëffentlechen Transport ass de Problem d'Ofschafung vun direkten Zuchlinnen tëschent Volmerange-les-Mines (Frankräich), Diddeleng an der Stad Lëtzebuerg. "D'Majoritéit huet net tough genuch mat der CFL verhandelt", kritiséiert d'Michèle Kayser-Wengler. D'Gemeng wéilt dem Minister Mëtt Oktober eng deementspriechend Petitioun iwwerreeschen, sou den Dan Biancalana.

Des weidere gëtt zu Diddeleng d'Iddi vun engem "Train-Tram" tëschent Volmerange a Biereng, am Idealfall dann och bis an d'Stad diskutéiert. D'Barrièren ewech huele géif och de Stau reduzéieren, versprécht d'CSV-Spëtzekandidatin.

Fir den LSAP-Buergermeeschter misst een de Verkéiers-Problem "moderat usteieren", well och d'Entwécklung vun Diddeleng matgeduecht misst ginn. Dem Dan Biancalana no gëtt et zwou Optiounen: en direkten urbanisteschen Agrëff fir méi Zich a Richtung Stad Lëtzebuerg oder de Projet "Train-Tram". Béid Optioune misst een tëschent de Parteien am Gemengerot an och mat de Bierger diskutéieren.